Aufgab ze verginn! Parteipräsident/Parteipräsidentin. Männlech a weiblech. Ech maachen Iech eng Jobdescription.
Jobdescription
An Zäite vun der Oppositioun: Reuniounen, Reuniounen a Reuniounen: CEX, Bureau exécutif, Fraktioun, Aarbechtsgruppen, Gespréicher mat der Zivilgesellschaft, Patronsorganisatiounen, Gewerkschaften, Presseaarbecht, präsent sinn an der Partei a Präsenz markéieren fir d’Partei, och mol am Ausland. Alles als Bénévole. Gudd dass mer zu zwee sinn!
An Zäite vu Regierungsbedeelegung: Reuniounen, Reuniounen a Reuniounen. An zousätzlech dozou … nach e puer Versammlungen a Reuniounen, mol interfraktionell, mol mat der Regierung, oft mat eise Ministeren. Alles als Bénévole. Nëmme gudd dass mer zu zwee sinn!
Den Ënnerscheed tëscht den Aufgaben an der Oppositioun an an der Regierungsbedeelegung ass gewalteg. Den Zäitopwand ass méi grouss, well jo e puer Etagen derbäikoumen: niewt der Concertatioun tëscht Partei a Fraktioun sinn elo och nach eis Regierungsmemberen an och eis Koalitounspartner mat an der Equatioun. Alles geet nach en Tick méi séier, obschonns et vill méi komplex ass. Gudd dass mer zu zwee sinn!
Des hauts et des bas
Ech hunn an de vergaangenen zwee Joër béid Situatiounen erliewt. Ech hu missen am Oktober 2013 virun Iech an virun d’Öffentlechkeet trieden an eist Wahlresultat erklären.
Ech hunn awer och dierfe mat Iech zesummen am Joër vum 30. Anniversaire vun eiser Partei den historëschen Ament vun eiser Regierungsbedeelegung eestëmmeg beschléissen. Dir wësst genee, u watfireen Owend ech léiwer zeréckdenken, Iech geet et jo genee t’selwecht.
An da gëtt et nach een Owend, dee mer mengen ech, alleguer stëll genoss hunn: dat super gréngt Resultat bei den Europawahlen.
Matenee schwetzen
Schonn ier eis Partei un der Regierung bedeelegt war, war eis intern Kommunikatioun e wichtegt Thema; d’Vernetzung vun de lokalen, regionalen, nationalen an europäëschen Niveauën an och vu Partei a Fraktioun war en dauernde Schantjen, souwuel politësch-inhaltlech, wéi och mënschlech-kommunikativ.
Elo, wou mir gréng un der Regierung bedeelegt sinn, ass natiirlech deen Niveau derbäikomm. An dat ass jo net dee mannsten, well mer do vill bewegen an ëmsetze kënnen. De ganze System gëtt awer doduerch méi komplex an déi intern Kommunikatioun zum Challenge.
D’Sam an ech haten dofir déi vergaange 15 Méint – niewt dem Dagesgeschäft an dem Europawahlkampf – ee wichtegt Uleies, dat mir zesumme mam CEX, mat eiser Fraktioun, mat eise Regierungsmëmberen a mat eisem Staff a Partei a Fraktioun ëmgesat hunn: den Zusammenhalt vun de verschiddene Niveauë förderen, den Austausch vun Informatioun, Luew a Kritik garantéieren, d’Kommunikatioun an all Richtungen an op all Niveauën assuréieren. Fir eis war dat ëmsou méi wichteg, well de Clivage dee souwisou an all Organisatioun tëscht den Haaptberufflechen an de Bénévole besteet, duurch den zousätzleche Regierungsniveau hätt kënnen zouhuelen.
Mir hunn mat 3 Aktiounen där Gefor entgéint gewierkt.
Mat de Mëmberen austauschen
Mir hu regelmässeg zu de verschiddenen Themen, déi dee Moment ganz uewen op der politëscher Agenda stoungen zäitno de COP – de Parteirot –aberuff, wou jo jidfer Mëmber deelhuele kann.
Ob et elo de Referendum, den Zukunftspak oder d’Familiepolitik waren; déi Owenter hu gewisen, datt déi gréng nach ëmmer basisdemokratësch funktionnéieren. Bewise gouw d’Wichtegkeet vu regelmässegem Austausch zu relevante politëschen Themen duerch déi grouss Zuel vu Mëmberen déi deelgeholl hunn an duerch d’Intensitéit vum Schaffen mat dem noutwennege Mix vun Informatiounen, Erklärungen, Meenungsbildung, Argumentatioun, Kritik a Verbesserungsvirschléi.
D’Präsenz vu Fraktiounspräsidentin an Deputéierten an och ëmmer vun op d’manst engem grénge Regierungsmëmber waren d’Grondlag dofir, datt jidfer Mëmber och nach aner aktuell Sujetën uschwetze konnt. Ménger Meenung no muss dëst Parteirot-Format och an Zukunft onbedéngt weidergefouert ginn.
Lokal handelen
Är Parteipräsidenten hunn tëscht Dezember a März regional gruppéiert all d’gréng Lokalsektioune begéint. Gudd dass mer zu zwee sinn, well weder d’Sam nach ech haten et aus berufflechen an aus Grënn vu lokalem politëschen Engagement gepackt, ëmmer zu zwee op all Owend ze sinn. Diskussiounssujetën waren d’Vernetzung an der Regioun, d’Aneneegräifen vun de verschiddenen politëschen Themen um lokalen, regionalen an nationale Plang an d’Zesummenaarbecht tëscht der Partei an de Lokalsektiounen. E wichtege Punkt war awer och de Réckbléck no enger halwer Mandatsperiod vun all Gemengerot – siew et mat oder ouni grénger Schäfferotsbedeelegung – an natiirlech och schon den Ausbléck op den nächste Wahltermin: d’Gemengewahlen 2017.
Wahlanalyse
Apropos Wahlen, ech maache mol eng Klaamer op.
D’intern Wahlanalyse, déi de Kongress vum 3. Dezember 2013 gefuerdert hat ass ugelaf, wann och mat Verspéidung well fir t’éischt emol nach den Europawahlkampf 2014 ze meeschtere war. Am Hierscht hate mer eis gréng Frënn aus Eisterräich hei, deenen hier Corporate Identity mer jo schonn iwwerholl hunn a vun deene mer marketingsméisseg vill ze léieren hunn.
Et ass jo och elo eréischt wou d’Analyse vum Wielerverhale virleien, déi d’Chamber an Optrag ginn hat. Deemno ass et un der neier Présidence an um neie CEX, fir d’Wahlanalyse weiderzedreiwen an déi noutwenneg Conclusiounen ze zéien, fir dass mer fir d’Wahlterminer 2017, 2018 an 2019 gudd opgestallt sinn.
Klaamer zou.
D’Fiedem zesummen féieren
Déi 3. wichteg Aktioun, déi et eis erlaabt organisatorësch an inhaltlech gudd tëscht Partei, Fraktioun a Regierung zesummen ze funktionéieren, hu mer haut gemeinsam ofgeschloss: d’Statutenännerung. Ech sinn iwwerzeegt, datt de CEX, sou wéi mir en haut definéiert hunn, eng Dréischeiw gëtt wou d’Informatiounen ausgetosch ginn, e Krees wou déi aktuell gréng Virgehensweise festgeluecht ginn, e Forum wou no intensiver Diskussioun déi noutwenneg Entscheedunge getraff ginn.
Mat der Aufgab wuessen
Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,
Virun 2 Joër hutt Dir mir d’Aufgab vum Ko-Präsident vun eiser Partei iwwerdroën. Ech froën Iech haut fir e weidert Mandat vun 2 Joër. Firwat? Ma well déi Charge – jo et ass wuel eng Charge an dofir ass et gudd dass mer zu zwee sinn –, well déi Charge immens spannend ass. Et kann een esou vill an déi richteg, an déi gréng Richtung bewegen, an ech hunn d’Gefill, datt ech nach eng Zäitchen do mathëllefe kann.
Kolleginnen a Kollegen, ech muss Iech awer warnen: ech sinn net méi dee selwechten, wéi deen, deen der virun 2 Joër gewielt hutt. Sidd Iech dees bewosst!
Ween ass “schold” dorunner, wann ech esou därf soën? Ma et sëtzt hei: d’Sam Tanson.
Eng gudd Léiermeeschtësch …
Dir musst wëssen: A méngen éischte Méint als Präsident hunn ech eng Partie handwierklech Feeler gemeet, mee ech hunn der virun allem e puer Fatzeger komme gelooss.
Sam, du bass e Mënsch, dee ganz streng mat sech selwer ass, du striews no Perfektioun, an dofir verlaangs du och vill vun deenen aneren. Mat Recht, wéi ech fannen. Andeems du d’Lat fir dech héich geluecht hues, hat ech eng gudd Léiermeeschtësch där ech hu missen noäiferen.
Wéi oft hunn ech mech gefrot, wéi’s du dat färdeg bréngs, déi duebel, dräifach, véierfach Belaaschtung, wann et domat duer geet? D’Famill, déng Kanner, 1. Schäffen vun enger Grousstad, Parteipräsidentin, e Beruff, Wahlkampf, Koalitiounsverhandlungen, … . Ech bewonneren däin Asaz; e war eng Motivatioun fir mech an e sollt eng Inspiratioun fir Anerer sinn.
… déi d’Lat héich geluecht huet
Kolleginnen a Kollegen, d’Sam ass Eent, dat séng Prinzipien a séng Meenung huet a se dann och duerchzitt a vehement derfir antrëtt. Heiandsdo wënscht een sech där Leit méi an der Politik. Ech soën net, datt d’Sam séng Meenung net ännert, well hatt ass oppen fir Argumenter, wa se da stéchhalteg sinn.
Wann d’Sam eng Linn huet, dann ass déi gudd dokumentéiert a fachlech ënnerluecht, hatt suivéiert se a verdeedegt se mat groussem Asaz. Do muss de politësche Géigner sech waarm undoën.
Sam, wann’s du an de Staatsrot kënns, da sinn ech iwwerzeegt, datt do nach esou munnecher un déngen tranchéierten Positiounen ze knaë kréien. An dat ass genee dee Punkt, fir deen ech dech – an iwwregens nach 2 Alphamänner an eiser Partei – bewonneren.
Ech wënsche mer, ech kéint och esou pertinent politësch analyséieren, wéi’s du dat kanns, ëmmer zwee Schrëtt dem politësche Géigner viraus. Mee vläit ass dat och eppes wat ech nach léiere kann.
Léiwt Sam,
Ech sinn iwwerzeegt, datt déi Journalisten Onrecht hunn, déi mengen, du wärs elo fort vun der nationaler Bühn. Wann s’du an de Staatsrot kënns, da méchs du do eng gudd a wichteg politësch Aarbecht am Sënn vun de grénge Grondwerter an am Interessi vum Land.
Parallell zum Staatsrot stees du weider als 1. Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg fir eng typesch gréng Politik, déi enger Groussstad an hire Problemer gerecht gëtt. Dat ass e Sprangbriet, dat s’du an eisem Sënn schonn nach notze wärts.
Respekt, Respekt, Sam Tanson
Léiw Kolleginnen a Kollegen,
D’Sam huet während engem halwe Jorzéngt dës Partei geleet an huet mat engem immense perséinlechen Engagement matgehollef, déi gréng aus der Oppositioun an d’Regierungsverantwortung ze féieren. Dofir verdéngt d’Sam eisen déiwe Respekt, eise grousse Merci an eisen Applaus.