Iwwer Pippi Langstrumpf an Nimby, Elektrovëlo an Tram, Mindestloun a Wunnen, Erzéierin a Sozialpädagog, Kierchen an … de Fuuss

Schéine gudde Moien léiw gréng Kolleginnen a Kollegen.

Kultur ?

Ech hu mech gefrot, mat watfirengem Thema ech wéilt ufänken an dunn hunn ech mech op eemol drun erënnert, datt beim grénge Neijooschpatt e Journalist mech gefrot hat, firwat ech näischt iwwer d’Kultur gesot hätt? Abee, da fänke mer mat der Kultur un !

Dir wësst jo, datt ech mech nawell a bestëmmte kulturelle Kreesser bewegen, an do ass et mer elo e puermol virkomm, datt Leit zu mer gesot hunn : «  Dir gréng hätt onbedéngt missen de Kulturministère huelen ! » Et ass jo schéin, datt et Leit gëtt, déi eis net nëmmen an der Ekologie Kompetenzen zouschreiwen.

Mee wann s’de déi dann awer frees: “Hues du da gréng gewielt?” , da froën se dech wat dat mateneen ze dinn huet? An dann erklären ech hinnen, datt déi gréng nëmmen esou staark sinn an och nëmme Fuerderungen an Uspréch erhiewe kënnen am Bezuch zu de Prozenter a Sëtz déi mer an de Wahle kréien. D’Regele vun der Demokratie, eben. An net d’Wonschdenken vun eenzele Leit, well dat hinnen de Moment grad an de Krom passt.

Wäsch mer de Pelz, awer maach mech net naass!

E frappant Beispill vum Pippi-Langstrumpf-Syndrom – Dir wësst jo: “ech maache mir d’Welt esou wéi se mir gefällt” – ass den Député-Maire vu Gréiwemaacher. Den Här Gloden war elo am Alter vun 42 Joër op sénger alleréischter Manif. Déi hie selwer organiséiert hat. Géint en Tanklager, fir dat hien an der Chamber gestëmmt hat. Mee do war en an der Majoritéit an elo ass en an der Oppositioun. Oder soll ech soën am Opportunismus? Zwar hunn déi Waasserbëlleger a Maacher Buurgermeeschteren Baugenehmegungen ausgestallt fir sëllechen Tankstellen, awer datt een dofir och Lagercapacitéite brauch, dat verdrängen se einfach.

Iwwregens, et gëtt zu Lëtzebuerg keng Plaz, déi sech esou fir en Tanklager eegent wéi grad de Merterter Hafen: perfekt ugebonnen un d’Autobunn, un d’Eisebunn an un de Schëffswee. Zuch a Schëff, dat freet eis gréng. An d’Carole wärt schonn derfir suergen, datt déi héchsten Emweltstandarden agehal ginn.

Zu Péiténg sëtzt nach esou e Buurgermeeschter, deen elo arausfonnt huet, datt Tankstellen de Verkéier unzéien, souguer aus dem Ausland. De Verkéier nervt, d’Gewerbesteier huele mer awer gär, gell?

De Fuuss géiw soën – deen aus dem Renert, net deen aus dem Bësch – : also de Renert géiw soën: “Wäsch mer de Pelz, awer maach mech net naass!”

CK

Mir stinn net am Stau, mir sinn de Stau!

All déi, di all Daag am Stau stinn a sech iwwer de Stau opregen, déi missten emol d’Perspektiv wiesselen. Dir stitt net am Stau, Dir sidd de Stau! Dir sidd e klengen Deel vum Stau, Dir sidd e klengen Deel vum Problem. Oder awer positiv gekuckt, Dir sidd och e klengen Deel vun der Léisung, Dir kënnt ëmklammen op de Bus, op den Zuch, op de Vëlo.

Mee, mee, mee! Fir datt Dir ëmklamme kënnt, musst Dir eng Offer kréien, déi Äre Bedürfnisser an Ärer alldeeglecher Realitéit entsprécht. A genee dat ass de Fränz amgaang ze maachen.

Mir kréien e Vëlosweeër-Netz, dat net eleng op d’Fräizait an den Tourismus ausgeriicht ass, mee och op déi méiglech kuurz a sécher Trajeten wochendaags. Och d’Gemengen kréien do eng eminent wichteg Aufgab ze spillen a se gi reglementarësch, finanziell a virun allem mat Know-How vum MDDI ënnerstëtzt.

  • D’Sam an de Fränz setzen elo déi éischt Etapp vum Tram ëm. Net als eng Spillsaach wéi nach just e puer Onverbesserlecher mengen, mee als de noutwennege Réckstrank vun der Mobilitéit an der Haaptstad, där hier Awunner, Economie a Geschäftswelt soss un der Immobilitéit an un den Ofgasen a Stëbspartikelen erstécken.
  • Paralell zum Déploiement vum Tram kënnen déi sëlleche Bussen anëscht affektéiert ginn, fir iwwer Land d’Offer an den Takt ze verbesseren.
  • D’Regierung huet dëse Mëttwoch gréng Luucht ginn fir de Kaf vun 11 neien zweestäckegen Zich. Op der Bunn weist sech frappant, datt wann eng Offer do ass, se souwuel vun den Awunner wéi vun de Frontalieren gär ugeholl gëtt: an de Spëtzenzäiten 100% Auslaaschtung, all Joër 5% méi Clienten, 50% méi Leit déi den Zuch huelen innerhalb vun 10 Joër.
  • Dat ass eng Successtory déi weidergeschriwwe gëtt, an ech denken dass esouguer d’Blanche Weber sech iwwer dee Wuesstum freet.
  • Ass dat da net formidabel, datt mer eng Zuchverbindung kréien, wou mer Grenzgänger aus der Äifel schonn zu Wittlich kënnen opfänken, déi dann bei der Rouder Bréck op den Tram ëmklamme kënnen fir op hir Aarbecht ze kommen! E Virbild fir aner Strecken, an den Ausbau vun 2 op 4 Gleiser tëscht Beetebuerg an der Stad wärt alt erëm nach méi franséisch Navetteuren op den Zuch bréngen.

D’Offer, d’Qualitéit an d’Upassungen un dem Client séng Besoine kommen, an da kënnt och de Client. An da klëmmt esouguer den autoverléifte Lëtzebuerger ëm, op d’Schungsuelen an op Vëlo, Elektrovëlo, Bus, Tram an Zuch.

Wunnéngspräisser a Mindestloun: eng Iwwerleeung

Léiw Kolleginnen an Kollegen,

Eng aner enorm Erausfuerderung fir eist Land ass d’Wunnen. De Fazit vun 30 Joër CSV-Logementspolitik ass e Fiasko op der ganzer Linn: wahnsinneg Käschten, déi an Allméigléches gefloss sinn, mee kaum an de Bau vu bezuelbaren Haiser a Wunnéngen. De Fonds du Logement huet jo kaum nach gebaut, d’Präisser klamme vu Joër zu Joër an d’Leit musse bis an d’Ausland wunne goën.

D’Debatten iwwer d’Landesplanung en Donnëschden hunn awer gewisen, datt et eis och u Wunnénge feelt, well esouguer an de Krisejoëren Joër fir Joër 10.000 bis 12.000 Leit op Lëtzebuerg bäigeplënnert sinn.  Fir dat anschaulech ze maachen: 10.000 Awunner méi, dat ass all Joër eng zousätzlech Gemeng Beetebuerg.

Deemno ass et fir déi aktuell Regierung eng Erausfuerderung, ugemiessen op d’Wunnéngsknappheet ze reagéieren. Ménger Meenung no bréngt et näischt, wann déi öffentlech Hand nëmmen op d’Masseproduktioun vu Wunnénge géiw setzen. Dat dauert ze laang a wahrscheinlech hu mer dofir guer net genuch Budgetsmëttelen fir iwwer eng massiv Offer wëllen de Präis erofzedrécken. Ech sinn also iwwerzeegt, datt et kee Sënn mécht, datt de Staat krampfhaft probéiere géiw Quantitéit op de Marché ze geheien.

Villméi muss an engem gemeinsamen Effort vum Staat mat de Gemengen e grousse Stock vu bezuelbare Locatiouns-Wunnénge geschafe ginn. Mir mussen eis endlech bewosst sinn, datt bei den heitege Präisser an der deelweiser Prekaritéit vun den Aarbechtsplazen, net all Mënsch, zumindest net am Ufank vum Berufsliewen an de Kaf ka goën, och net bei niddregen Zënsen.

Deemno muss d’öffentlech Hand um Locatiounsmarché aktiv ginn. Datt hei zu Lëtzebuerg  de Bestand u subventionéiertem Wunnraum nëmmen 2% vun alle Wunnéngen ausmecht, dat ass largement ongenügend. Et missten op d’manst 15% sinn, wéi d’Sozialverbänn eis soën, da kéime mer an d’Noperschaft vu Länner wéi Frankräich oder England mat 17% respektiv 18%; an Holland ass esouguer een Drëttel vun alle Wunnéngen subventionéiert.

CK2

Wann ee vernetzt denkt, wéi mir gréng dat jo gewinnt sinn, da mierkt ee ganz séier, dass och de bezuelbare Wunnraum e wichtege Standuertfaktor ass. Ech erkläre mech.

D’Patronsvereenegungen souere jo schon zënter Joëren, datt de Mindestloun ze héich wär. Neierdéngs froën se, de Staat misst de Mindestloun deelweis subventionéieren. Ménger Meenung no ass de Mindestloun net ze héich, well et muss ee ganz éierlech zouginn, datt en net duergeet fir dezent ze wunnen.

Famillen mat wéineg Akommes sinn an enger Zwéckmillchen: well jo de Logementspräis ofhëlt, wat ee méi wäit ewech vun der Stad Lëtzebuerg (oder aneren Zentre) wunnt, gi Leit mat manner Akommes méi wäit ewech wunnen.

Resultat:

  • Wunnen a Schaffen, awer och Wunnen an Akafen a Wunnen a Fräizäit ginn auserneegerappt
  • D’Dierfer wuesse méi séier wéi d’Stied an d’Landschaftszersiedelung an d’Buedemversigelung gi rasant weider
  • D’Leit musse vill a laang Weeër maachen. A well um Duerf net genuch Masse critique u Clienten ass, ass et do onméiglech eng optimal Offer vum öffentlechen Transport ze bidden
  • Also sinn d’Leit op de Privatauto ugewisen, mussen der vläit esouguer 2 hunn
  • Wéi se sech dréint a kéiert, eng Famill mat niddregem Akommes ass ëmmer de Verléirer. Ween déi puer Honnert Euro pro Mount déi en Auto kascht spuere wëll, muss déi Suën fir eng méi zentral geleeë Wunnéng ausginn; wee méi bëlleg wunne wëll, muss sech méi deier deplacéieren.

Eng Wunnengsbaupolitik, wou de Staat massiv a bezuelbar Locatiouns-Wunnéngen investéiert, sprengt deen Däiwelskrees. Wann de Staat dann och nach d’Gemengen mat an d’Boot hëlt, da maache mer e sënnvolle Pacte Logement. Well da kréie mer Wunnen a Schaffen méi no beieneen, da maache mer eng gudd Transport- an och Klimapolitik. A mir maache gläichzäiteg Sozialpolitik an huelen den Drock vum Mindestloun a vun deene Betrieber, déi vill Leit mat Mindestloun beschäftegen.

Endlech Gerechtegkeet fir ErzéierInnen a SozialpädagogInnen

Kolleginnen a Kollegen,

Et gesäit ganz dono aus, wéi wann d’nächst Woch an der Chamber géif decidéiert ginn, datt eng ganz grouss Zuel vu Lëtzebuerger, déi eng sécher Plaz hunn an zum groussen Deel wäit, oft e puermol iwwer dem Mindestloun verdéngen, méi an der Pai kréichen. Keng Angscht, et ass net den Näid dee schwetzt, ech gehéieren als Chargé de cours och zu deenen déi méi kréien, well d’CGFP mat der viirechter Regierung e gudden Accord fir d’Fonction publique ausgehandelt huet.

Deen Accord geet awer wäit iwwer d’Paien eraus, wéi jidderee vun Iech weess. Ech géiw gär ee spezielle Punkt erausgräifen, dee mech zwar net perséinlech betrëfft, mee de Sozialsecteur, an deem ech mech gudd auskennen.

D’nächst Woch geet fir d’Educateurs an d’Educateurs gradués eng Fuerderung an Erfëllung, déi dës Beruffer zanter se 1973 geschafe goufen, ëmmer erëm virun sech hier gedroën hunn. Dës Beruffer goufen bis elo ëmmer manner bezuelt wéi aner staatlech Carrièren, déi souguer manner laang geléiert oder studéiert haten. D’nächst Woch geet dës Diskriminéierung op en Enn an d’Educatricen gi richtegerweis mat Bac technique aklasséiert an d’Educatrices graduées mat BAC+3, esou wéi dat sech gehéiert. Dat ass e grousse Moment vu Gerechtegkeet , ma virum allem d’Unerkennung vun der Professionalitéit vun dëse Leit déi aner Mënschen ënnerstëtzen.

Mee et kënnt nach besser. Relativ gekuckt schaffe wéineg Educateurs an Educateurs gradués direkt an der Fonction publique, déi grouss Mass vun hinne schafft am konventionéierte Secteur. An dës Regierung huet sech am November vis-à-vis vun de Gewerkschaften engagéiert – iwwregens trotz engem décke Gegrommels vun enger bestëmmter Säit –, d’Opwertung vun den erzéierësche Carrièren mat an déi finanziell Enveloppe ze ginn, déi de konventionéierte Secteur an Zukunft kritt.

Domat weist d’Dräier-Koalitioun, datt sie et eescht mengt, wann se op de Wee vun enger qualitativ héichwerteger Kannerbetreiung geet, mat ënner anerem ErzéierInnen a SozialpädagogInnen déi professionnell geschoult, gerecht bezuelt an héich motivéiert sinn.

Kongress

Léiw gréng Kolleginnen an Kollegen,

Lëtzebuerg huet sech vill verännert an ass nach amgaang sech weiderzentwéckelen. Et gëtt Leit a Gruppe vu Leit déi dat verstan hunn, an et gëtt där, déi weiderhin der Vergaangenheet notraueren.

“Ma gëtt mer uecht op d’Jeeër, se laure spéit a fréi!”

Een esou e Grupp, deen am léifsten mëttelalterléch Privilegien oprecht erhalen wëilt, sinn d’Jeeër. Se wéilten als onageschränkt Hären och op anere Leit hirem Grond a Buedem fräi Déieren, déi eigentlech kengem, also och net hinne gehéieren, no hirem Gutdünken ëmleeën.

Léiwe Camille,

De Fuuss géiw soën – deen aus dem Renert, net deen aus dem Bësch – : also de Renert géiw elo zu dir soë, Camille, sou wéi en am Buch zu sénge Kanner sot: “Ma gëtt mer uecht op d’Jeeër, se laure spéit a fréi!”

Ech kéint jo elo mat bëlleger Polemik iwwer d’Juecht am Allgemengen an d’Fuussejuegd am Besonnëchen lassleeën. Ech maachen dat net, mee leeën ganz frëndlech a fair e puer Iddiën duer. Vläicht ass dat dann eng Inspiratioun fir d’Géigesäit, d’Diskussiounen an Zukunft am Respekt virun der Persoun a virun enger anerer Meenung, ma virun allem mat stéchhaltegen Argumenter ze féieren.

  • Et kann dach net sinn, datt op där enger Säit vill Baueren sech bekloën, datt d’Feldmais Iwwerhand huelen an déi jonk Kulturen zerstéieren an op där anerer Säit gëtt de Fuuss massiv ofgeknallt, dee Fuuss deen d’Maispopulatioun am Zaam hält.
  • Et kann dach net sinn, datt mer Petitiounen ënnerschreiwen, wou mer aner Länner a Regierungen opfuerderen, zum Beispill mam Walfang oder dem Delfin-Schluechten opzehalen; mee heiheem par contre géife mer et dann hinhuelen, datt all Joër Dausende Déieren aus rengem Spaass ofgeknallt ginn. Déieren déi an der Dreckskëscht landen, well mer jo hautjesdaags weder mam Fleesch nach mam Pelz vum Fuuss eppes ufänken.
  • All Mediziner soën eis, dass kaum e Mënsch direkt vum Fuuss de Fuussebandwuerm erwëscht. D’Ustiéchung geet iwwer en Zwëschewiirt: Kazen an Hënn. Géif et eis elo an de Kapp kommen, all Honn a Kazen z’erschéissen?

Also, wannechgelifft: méi Sachlechkeet an d’Diskussioun.

Rendez-Vous mat der reliéiser Realitéit vun haut

An da gëtt et awer e ganz anere Grupp, deen d’Zeeche vun der Zäit kloër erkannt huet an den Erneierungswëllen vun der Dräier-Koalitioun richteg ageschat huet. Ech schwetze vun de Reliounsgemeinschaften a méi speziell vun der kathoulëscher Kierch.

D’CSV hat zwar hire Rendez-Vous mat der reliéiser Realitéit vun haut op een Hoër verpasst an huet mat engem Ielebou vum Bistum missen aus hiren Dreem erwächt ginn.

Am Géigesaz dozou huet d’kathoulësch Kierch sech enger Redefinitioun vun de Relatiounen tëscht Staat a Reliounen net verschloss. Dës Redefinitioun ass en historësche Moment. Wann ee bedenkt, datt deen ablécklechen Zoustand schonn iwwer 200 Joër undauert an aus enger Zäit staamt, wou et emol nach keng Eisebunne gouw, miesst een de Fortschrëtt deen déi Blo-Roud-Gréng-Koalitioun bréngt.

D’Kierchen – ech mengen domat d’Gebeier awer och déi reliéis Institutiounen u sech – gi lassgeléist vunn de staatlechen a kommunalen Instanzen. Dat ass ubruecht, aus Grënn vu Rechtsstaatlechkeet, a well d’Praktizéieren oder och d’Net-Ausüben vun enger Relioun eng Privatsaach ass. Déi kathoulësch Kierch muss an Zukunft an eegener Verantwortung fir hiirt Personal a fir hir Gotteshaiser opkommen, esou wéi déi aner Culten och.

Dat heescht awer net, datt Kierch aus dem Duerf verschwënnt. Déi Kierchegebaier, fir déi di kathoulësch Communautéit e reliéise Bedarf huet, kann se halen a selwer notzen a muss dann awer och selwer an integral derfir opkommen. Déi aner falen un d’Gemeng a kënne fir net-reliéis Zwecker genotzt ginn, wat nei Méiglechkeete fir all d‘Gemengen an hir Awunner opmécht.

Ech ruffen all eis Gemengemandatären an eis Lokalsektiounen op, sech aktiv an de Prozess vun Trennung tëscht Kierchefabrik a Gemeng anzebréngen. Bréngt konkret Proposen, wéi kaum oder guer net genotzte Gebaier eng sënnvoll Reaffektatioun fir d‘Allgemengheet kënne kréien! Haalt awer och d’Aën op, well de neie Generalvikar huet jo gëscht am Interview zouginn, datt déi lokal Kierchtuurmspolitiker widderspensteg géint d’Linn vum Bistum sinn.

Am Moment sinn d’Medie voll vu Virwërf, datt deen neie „Werteunterricht“ e verstopptene Relioune-Cours wär. Ech huelen déi Opreegung zur Kenntnis, mee ech loosse mech net ustiechen. Ech ginn dervun aus, datt sech dat ganz Ramouers leet, wann de Minister e Méinden séng Richlinne virstellt. Wat ech zeréckbehalen ass dat heiten:

Et gëtt geschwë kee kathoulësche Reliounsunterricht méi an den öffentleche Schoulen. All Fächer ënnerstinn da just nach der staatlecher Autoritéit. Dat ass e Riesefortschrëtt.

Bis elo waren d’Kanner getrennt tëscht der kathoulëscher Relioun an der Morale. Mam Aféiere vum gemeinsame  „Werteunterricht“ bleiwen d’Kanner a Jugendlech all zesummen a léiere mateneen een deen anere respektéieren. An zwar egal vu watfirenger Kultur oder Weltanschauung de Klassekomerod oder deem séng Eltere sinn. Dat katapultéiert eis multikulturell Gesellschaft an d’21. Joërhonnert.

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen. Loosst Iech net an d’Iir féieren. Déi modern Relatiounen tëscht op där enger Säit dem Staat an de Gemengen an op där anerer Säit de Reliounen, déi elo no an no agefouert ginn, entspriechen zu 100%  deem Koalitiounsofkommes dat mir den 3. Dezember 2013 eestëmmeg ugeholl hunn. Mission accomplie no eppes méi wéi engem Joër!

Net Alles war am 1. Joër vun der Dräierkoalition vun handwierklech beschter Qualitéit, et waren heiansdo politësch a kommunikativ Léierbouwe-Fehler derbäi.  Mee mat der konsequenter a radikaler Moderniséierung vun de Bezéiungen tëscht de Reliounen an dem Staatswiesen huet dës Koalitioun hiirt Meeschterstéck ofgeliwwert.

De Fuuss seet Merci

Kolleginnen a Kollegen,

Als Kand sinn ech oft vu ménge Spillkomeroden „roude Fuuss“ genannt ginn. Abee, de Fuss seet elo Merci.

Fuuss

(Méng politësch Ried um grénge Kongress vum 21. März 2015)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Gesellschaft, Kultur, Mobilität, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Iwwer Pippi Langstrumpf an Nimby, Elektrovëlo an Tram, Mindestloun a Wunnen, Erzéierin a Sozialpädagog, Kierchen an … de Fuuss

  1. Sandy Vitali schreibt:

    Herr Kmiotek, bei allem Respekt, mais ech stellen mat Erschrecken fest, dass Dir den Dossier iwwert den Gehälteraccord vun der Fonction Publique, wou et em Carrièren vun den Erzéier a Sozialpädgogen geet, net schéngt ze kennen! Dir hutt recht an deem Dir soot, dass d’Erzéier a Sozialpädagogen endléch no Joërzéngten, di richteg Aklasséierung wärten kréien. Jo, all di nei, déi ufänken, wärten richteg aklasséiert gin, waat net méi wi richteg ass, well aaner Beuffsgruppen mat deem selwechten Niveau un Diplom, daat schon längst hun! MAIS all déijéineg, déi dee ganzen Sozialsektor joerzéngtelaang matopgebaut hun an en zu deem gemaat hun, wéi en elo ass, kommen an di sougenannten „Transitiounsphase“ an do ass een wait eweg vun der Opwertung! Do kann een dach net öffentléch vu Gerechtegkeet schwätzen. Wéi kann et sin, dass Dir als Sozialpädagog esou eppes gerecht fannen kënnt? Wéi kann et sin, dass een vun „eis“ esou eppes matdréit? Et ass e Schlag an Gesiit, waat Dir do vun Iech gin hutt! Et kann just gehofft gin, dass en Dënschdeg 1 MOTION gestëmmt get fir déi Gehälterdiskriminéierung aus dem Wee ze schaafen!
    Weiderhin soll Dir wëssen, dass d’Erzéier a Sozialpädagogen beim Staat, wéi och all déi vum SAS solidaresch ennerteneen sin an dass mir gemeinsam fir Gerechtegkeet kämpfen wärten, elo an an Zukunft! Mir wärten eis och net vu der Politik splitten lossen; mir hun 1 Beruf, 1 Ethik, mir haalen zesummen! mbG, Vitali

  2. Arlé Cindy schreibt:

    Ech kann mech nemmen der Mme Vitali uschléissen, mir déi schons elo an der FP schaffen sinn déi Domm bei der Saach. Eisen Diplom ass herno umerkannt wow! MEE et gett e groussen Ennerscheed an der Päi mat engem deen schons schafft an engem deen herno de Concours mecht! Mir sinn also net nemmen Gewënner MEE virunallem FINANZIEL VERLEIERER!!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s