Dräi Froë fir méi Demokratie

 

Datt de 7. Juni e Referendum ofgehale gëtt, ass u séch schonn en Ausdrock vu méi Demokratie, well et an ass eisem Land eréischt déi véierte Kéier an 100 Joër, datt d’Leit direkt ëm hir Meenung gefrot ginn. Mee et si besonnëch déi 3 gestallte Froën, déi d’Demokratie an den Zentrum vum Referendum stellen.

Muss an Zukunft e Minister no 10 Joër ouni Ënnerbriechung an der Regierung eng Paus aleeën, zum Beispill an der Chamber oder an der Aarbechtswelt ?

Ech soë Jo!

Well eis Demokratie bleiwt lieweg duurch de Wiessel an doduerch datt nei Iddiën zum Zuch kommen. Et ass besonnech wichteg  fir eist klengt Land an der globaler Kompetitioun, datt eis Regierung duurch Erneierung innovativ bleiwt. E Minister, deen an 10 Joër näischt zustane bruecht huet, oder awer nëmmen d’Verlängerung vu sénger Ministëschpositioun am A huet, kritt och déi nächst 5 Joër näischt Gescheites ronn. Dofir soën ech Jo zu der Alternance an de Ministëschfotellen.

Sollen och jonk Leit mat 16 oder 17 Joër kënne wiele goën, wa se sech fir Politik interesséieren?

Ech soë Jo!

Vill Jonker hu mat 16 a 17 scho wichteg Entscheedunge getraff, zum Beispill watfireng Ausbildung se maachen an a wéi ee Studium oder Beruff se wëllen eragoën. Eng Partie vun hinnen verdénge schonn hir eege Suën. Deemno ass et fir mech selbstverständlech, datt mer de Jonken déi bal 18 Joër hunn d’Méiglechkeet opmaachen, un den demokratëschen Entscheedungen ze participéieren, wa se dat da wëllen.

Solle Leit, déi net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, awer schonn iwwert e Joërzéngt an eiser Mëtt wunnen an och bewisen hunn, datt se sech fir eis Politik interesséieren, sech aschreiwe kënnen fir eis Chamber matzebestëmmen?

Ech soë Jo!

Well et kann dach net sinn, datt bal d’Halschent vun de Leit déi hei am Land wunnen, schaffe, liewen, Steiere bezuelen, … ausgeschloss bleiwen vun den Decisiounen déi eis Gemeinschaft betreffen.

De Referendum vum 7. Juni bréngt eisem Land e Plus un Demokratie an u Participatioun vun Allen, déi hei zesumme wunnen. Dofir soën ech beim Referendum dräimol Jo.

  • Jo zur zäitlecher Begrenzung vun de Ministëschmandaten.
  • Jo zum Abannen vun de Jonken an eis Demokratie.
  • Jo zum Walrecht fir d’Résidents.

Dräimol Jo fir méi Demokratie.

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s