D‘Redefinitioun vunn de Relatiounen tëscht Staat a Reliounen ass en historësche Moment. Wann ee bedenkt, datt deen ablécklechen Zoustand schonn iwwer 200 Joër undauert an aus enger Zäit staamt, wou et emol nach keng Eisebunne gouw, miesst een de Fortschrëtt deen déi Blo-Roud-Gréng-Koalitioun bréngt.
D’Mënschen an och eis Gesellschaft hu sech zanter Napoleon’s-Zäite fundamental geännert. Do ass et nëmmen normal, datt och d’Relatiounen tëscht de Glawensgemeinschaften an dem Staat endlech hu misse moderniséiert ginn. Datt och d’Reliounen a virop déi kathoulësch Kiirch sech deene Verännerungen net verschloss hunn, weist – wann et nach e Beweis bréicht – wéi noutwenneg dës sinn.
D’Kierchen – ech mengen heimat d’Gebeier awer och déi reliéis Institutiounen u sech – gi lassgeléist vunn de staatlechen a kommunalen Instanzen. Dat ass ubruecht, aus Grënn vu Rechtstaatlechkeet, a well d’Praktizéieren oder och d’Net-Ausüben vun enger Relioun eng Privatsaach ass.
Déi kathoulësch Kierch muss an Zukunft an eegener Verantwortung fir hiirt Personal a fir hir Gotteshaiser opkommen, esou wéi déi aner Culten och. Dat heescht net, datt Kierch aus dem Duerf verschwënnt. Déi Kierchegebaier, fir déi di kathoulësch Communautéit e reliéise Bedarf huet, kann se halen a selwer notzen a muss derfir opkommen. Déi aner falen un d’Gemeng a kënne fir net-reliéis Zwecker genotzt ginn, wat nei Méiglechkeete fir all d‘Gemengen an hir Awunner opmécht. Dat Ganzt selbstverständlech am Respekt vum Denkmalschutz.
Well ebe Relioun eng Privatsaach ass, gëtt et geschwënn kee kathoulësche Reliounsunterricht méi an den öffentleche Schoulen. Bis elo waren d’Kanner getrennt tëscht kathoulëscher Relioun a Morale. Mam Aféiere vum „Werteunterricht“ bleiwen d’Kanner a Jugendlech all zesummen a léiere gemeinsam een deen anere respektéieren, egal vu watfirenger Kultur oder Weltanschauung de Klassekomerod oder deem séng Eltere sinn.
Datt Kanner a Jugendlécher vu kleng op sech gemeinsam Werter erschaffen – am Geescht vu gläiche Rechter, am Sënn vun Toleranz géintiwwer der Verschiddenheet an en vue vu Solidaritéit mat deenen déi se néideg hunn – , ass besonnech wichteg an enger sou multikultureller Gesellschaft wéi mir se hei zu Lëtzebuerg hunn.
Deemno ass déi iwwerfälleg Moderniséierung vun de Relatioune tëscht dem Staat an de Reliounen net nëmmen en historësche Moment, mee déi Blo-Roud-Gréng-Koalitioun bréngt och en noutwennegen Neiufank a Richtung gemeinsam Zukunft färdeg.