Méng Neijoorsried 2015

« Je ne suis pas d’accord avec ce que vous dites, mais je me battrai jusqu’au bout pour que vous puissiez le dire ».

Ech wënschen iech fir 2015 all Gudds fir iech an är Léiw, vill Erfolleg an eng gudd Gesondheet.

Ass et iech net och esou gaangen? Bis leschte Mëttwoch mueres waren déi Wënsch, déi Hänn déi mer gedréckt hunn, déi Schëlleren déi mer ëmärbelt hunn éischter e flüchtege Ritual, eng eidel Pflichtübung. Ma zanter dem Mëtten vum 7. Januar hunn ech d’Gefill, datt mer eis all vill méi déif a méi laang an d’Aë kucken an datt mer eis méi fest an intensiv an d’Ärm huelen.

Depuis le 7 janvier, je suis Charlie. Nous sommes tous Charlie. Nous sommes tous Voltaire : « Je ne suis pas d’accord avec ce que vous dites, mais je me battrai jusqu’au bout pour que vous puissiez le dire ».

Déi grouss Manifestatiounen, net nëmmen zu Paräis mee iwwerall an der Welt an och zu Lëtzebuerg, hu gewisen, datt d’Mënschen d’Ausdrocksfräiheet an d’Demokratie verdeedegen, wann et drop ukënnt. Dat ass – trotz allem Entsetzen dat mer spieren – immens berouegend.

20150113Neijoorsried

2014 en europäescht Joër

D’Joër 2014 war en europäescht Joër, a mir hun eis als gréng Partei méi wéi éierbar an den Europawahlen geschloën. De Claude Turmes konnt säi Sëtz am Europaparlament haut-la-main behalen, well d’Leit hei zu Lëtzebuerg verstanen hunn, datt mir gréng eng wichteg Roll als Korrektiv op EU-Niveau ze spillen hunn.

Déi gréng Fraktioun am Europaparlament steet  op géint de Mainstream vum Ultra-Liberalismus, egal ob deen am konservativen oder am sozialdemokratësche Mäntelchen dohier kënnt. Déi gréng EU-Fraktioun setzt sech fir den europawäiten Emweltschutz an a verdeedegt konsequent d’sozial Rechter vun de Mënschen. Et wär schéin, wann de neien Kommissiounspräsident net nëmmen a Sonndesrieden, ma och reell an der Politik, dat och géing maachen.

2014 d’Joër vum Zukunftspak

D’Joër 2014 war d’Joër vum Zukunftspak an deen huet d’CSV genee esou um falsche Fouss erwëscht, wéi ee Joër virdrun de Moderniséierungswëllen vun der Dräierkoalitioun. Wéi ass et soss z’erklären, datt d’CSV fir t’éischt versprécht, eege Virschléi ze maachen, ma dann zwee Méint drop, wou et gëlt ze weisen, de Schwanz jämmerlech bäizitt.

Eng Kéier vernennt d‘CSV den Zukunftspak „Bezuelpak“, dann erëm „Spuerpak“. Wahrscheinlech ass d’CSV am Moment esou intensiv mat sech selwer beschäftegt, datt se komplett verdrängt huet, datt et hier kuurzsiichteg Finanzministere waren an hier Politik fir mat der Strenz Wahlkadoën ze verdeelen, déi eist Land an déi schlecht Budgetssituatioun bruecht hunn.

2015 verantwortlech d’Zukunft gestalten

Déi Oppositiounsparteien, déi den Zukunftspak „Spuerpak“ oder „Austeritéitspak“ vernennen, hunn entweder näischt verstan oder – wat schlëmmer ass – se léien.Déi plakeg Budgetszuele weisen, datt d’Ausgaben och an de Joëren 2015 bis 2018 nach weider klammen, mee et gëtt net sënnlos verpolfert, mee virun allem ginn d’Investitiounen héich gehalen; dofir huet de gréngen Transport- an Infrastrukturminister François Bausch gesuergt. Ech nennen nëmmen zwee Béispiller:

  • Endlech gëtt den Tram gebaut, fir datt mer transportpolitësch eis Economie ënnerstëtzen an d’Liewes- a Loftqualitéit vun de Leit verbesseren.
  • Zanter 50 Joër gouf net méi esouvill an d’Schinnen investéiert: 1,5 Milliarden Euro, déi direkt an indirekt Aarbechtsplazen schaafen an ofsécheren.

Zwee impressionnant Beispiller déi weisen, wéi mir gréng verantwortlech d’Zukunft gestalten.

2015 ëmweltpolitësch …

Och ëmweltpolitësch gëtt et 2015 vill Aarbecht, national, europäesch a global. Déi Aarbecht huet schonn 2014 ugefaang.

Zënter dem Summer 2014 stellen sëch all Daag 500.000 Leit hei zu Lëtzebuerg dës Fro: kann ech d‘Waaser vum Krunn drénken oder muss ech vill Suën vir Waaser an der Fläsch ausginn? Dank der neier grénger Transparenz am Ëmweltministère wësse mer, datt eist Drénkwaasser laang net esou gudd ass, wéi déi viirecht Regierungen eis dat ëmmer wollte gleewen din. Méi laang ass jo scho gewosst, datt eis Baachen a Flëss a kengem gudden Zoustand sinn: mir musse Strofen op Bréissel bezuele, soulaang wéi eis Kläranlagen an Ofwässer net den europäesche Standarden entspriechen.

Niewt der Nitrat- gëtt et och eng Pestizidbelaaschtung vun eisem Drénkwaasser. Deemno ass et méi wéi iwwerfälleg, datt eis Quellen duerch landeswäit ronn 80 Drénkwaasserschutzzonen musse protegéiert ginn. Zanter 1993 war de Staat an der Pflicht, eréischt elo wou déi gréng d’Soën hunn, geschitt eppes.

Fir datt jidderee vun eis onbedenklech zum Glas Krunnewaasser gräife kann

Här Wiseler! Här Schank! Madame Modert! Madame Hansen! Et geet beim Waasserschutz net, an och net an den aneren Dossieren wéi der Reduktioun vum Pestizidasaz oder dem Plan de développement rural,  dorëms, d’Baueren ze kujenéieren, wéi Dir dat hinnen jo sou gär erzielt.

Eis gréng Politik ass dorop aus, datt d’Baueren an d‘Wënzer gudd kënne schaffen a liewen an héichwerteg Liewesmëttel produzéiere kënnen. Gläichzäiteg geet et eis drëms, datt de Buedem an d’Waasser, an de Bauer an de Wënzer gesond bleiwen.  Fir datt jidderee vun eis onbedenklech zum Glas Krunnewaasser gräife kann.

20150113Neijoorsried2

 … a klimapolitësch

An der 2. Halschent 2015 iwwerhuelen déi Lëtzeburger Regierungsmëmberen d’Présidence an de verschiddenen europäesche Ministerréit. Besonnech um Niveau vum Klima geet et do ëm méi wéi ëm Europa.

Och Lëtzebuerg muss séng Hausaufgabe maachen, an dofir beschäftegt sech eis Chamber – op Impuls vun eise gréngen Deputéierten – 2015 intensiv mat dem Tanktourismus, eisen CO2-Emissiounen generell an eisem Bäitrag zum Kyoto-Fong.

Nodeems mer 2014 dat wärmste Joër erliewt hunn, geet et elo definitiv drëm, déi vun eis Mënsche gemaachen Temperaturerhéigung an de Grëff ze kréien. Am Dezember soll zu Paräis um Klimasommet e festen a globalen Accord tëscht alle Länner vun der Welt iwwer de Klima zustane kommen. De gréngen Duo Carole Dieschbourg / Camille Gira kann hei hëllefen, datt Europa séng Verantwortung hëlt an och e Virbild ass, fir datt de Paräiser Klimasommet, am Interessi vun eis all, zum Succès gëtt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Europa, Mobilität, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu Méng Neijoorsried 2015

  1. sandra schreibt:

    Sehr interessanter Artikel. Hoffe Sie veröffentlichen in regelmäßigen Abständen solche Artikel dann haben Sie eine Stammleserin gewonnen.Vielen Dank für die tollen Informationen.

    Gruß Sandra

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s