D’Joër 2015 bréngt fir Lëtzebuerg zwou grouss Aufgaben: eng gesellschaftlech d‘Diskussiounen iwwer eis nei Constitutioun; an dann an der zweeter Halschënt d’Lëtzeburger Présidence vun der Europäescher Unioun.
2015 diskutéiert dat politëscht Lëtzebuerg net méi ënnert séch, mee direkt mat der Zivilgesellschaft, also mat de Biergerinnen a Bierger vum Land, wéi eist Grondgesetz soll un eis modern Gesellschaft vum 21. Jorhonnert ugepasst ginn a wéi eis Institutioune méi demokratësch funktionnéiere kënnen. Um Enn kann dann d’Vollék selwer souverän am Referendum vum 7. Juni véier méi quokeleg Decisiounen huelen, déi dann an eiser Constitutioun festgeschriwwe ginn, oder och net.
Eng Verfassung ännert een net all Daag. Dofir därf d’Diskussioun ronderëm d’Referendumsfroën op kee Fall an d’Turbulenzen vu parteipolitëscher Dagespolitik eragezu ginn. Et geet nämlech ëm vill méi, wéi just ëm eng Majoritéit bei enger Ofstëmmung. Et geet drëms, wéi mer an Zukunft eis Demokratie liewe wëllen.
Soll just d‘Halschent vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, iwwer de Kapp vun der anerer Halschent ewech decidéieren? Oder wëlle mer awer léiwer jiddereen, deen hei scho méi laang wunnt a séch politësch interesséiert weist, abannen an eis Entscheedungen?
Mäi Selbstverständnis ass esou, datt ech géint all Form vun Diskriminéierung sinn. Et verwonnert also net, datt ech et net richteg fannen, wa bal d’Halschent vun de Leit, déi hei zanter Jore wunnen a Steiere bezuelen, net därfe matentscheeden, wéi eist gemeinsamt Lëtzebuerg sech entwéckele soll.
Lëtzebuerg ass dach eng oppen Ekonomie an eng tolerant a multikulturell Gesellschaft, a mir héieren et dach esou gär, wann Anerer eis als „ virbildlech Europäer“ luewen. Abee, 2015 kënne mer weisen, datt hei zu Lëtzebuerg Mënsche vu ville Kulturen net nëmmen zesumme liewen, schaffen a sech gudd verstinn, ma datt mer mat all deenen, déi scho wéi laang zu Lëtzebuerg wunnen, och zesumme politësch Decisiounen huelen.
Dat stärkt eis Communautéit, dat stärkt eis Demokratie an et ass dat stärksten Zeeche vu „Nation-Branding“, dat mer kënnen an d’Welt schécken.
An der zweeter Halschent vum Joër, wa Lëtzebuerg d’Présidence vun der Europäescher Unioun huet, kënnen eis Ministere wichteg Akzenter an europäeschen Dossiersen setzen, tëscht de Länner vermëttelen an domat dat gemeinsamt Europa weiderdreiwen, am Sënn vun de Leit. Aus grénger Siicht ass während der Lëtzebuerger EU-Présidence, niewt dem Datenschutz an den Eisebunnen, de Klimaschutz immens wichteg.
Nodeems mer 2014 dat wärmste Jor erliewt hunn, geet et elo definitiv drëm, déi vun eis Mënsche gemaachen Temperaturerhéigung an de Grëff ze kréien. Am Dezember soll zu Paräis um Klimasommet e festen a globalen Accord tëscht alle Länner vun der Welt iwwer de Klima zustane kommen.
Dëst ass esou wichteg, well soss d’Konsequenze vun der Klimaverännerung mat Naturkatastrophen a Wiederextremer zu immens vill mënschlëche Leed féieren, awer och zu astronomësche Käschten a weltwäite sozialen an ekonomësche Verwerfungen. De gréngen Ministësch-Staatssekretär-Duo Dieschbourg/Gira kann hei hëllefen, datt Europa séng Verantwortung hëlt an och e Virbild ass, fir datt de Paräiser Klimasommet, am Interessi vun eis all, e Succès gëtt.