De Marc Olinger ass ofgaang

De Marc war e bësse flemmseg gewiecht, wéi se hien no iwwer 25 Joër Kapuzinertheater an d’Pensioun gedréckt hunn. Mee an de leschte Méint war hien erëm voller Elan mat neie Projetën. Do war et fir mech eng béis Iwwerraschung, wéi elo d’Virstellungen vun der aktueller Produktion ofgesot goufen, well de Marc gesondheetlech ganz schlecht dru war. Dat war e puer Deeg viru séngem 69. Gebuurtsdag.

De Marc Olinger ass –  mam Philippe Noesen –  an de 1970er Joëren de Moderniséierer vum franséischsproochegen Theater hei zu Lëtzebuerg gewiecht, souzesoën de Pendant zum Tun Deutsch, deen dat op der däitschsproocheger Säit war. Kee Wonner datt déi zwee Komperen Olinger a Noesen jidderen hiren Theater kruten, de Marc zwar éischter wéi de Philippe, an de Marc krut och vill méi Méiglechkeeten a Fräiheeten.

Wann ech op méng Theaterkarriär zeréckblécken, da gëtt et een Ament, op deen ech immens houfreg sinn: als jonke Spunt 1985 d’Ouverture vum Kapuzinertheater gespillt ze hunn, ënner aneren mam Olingësch Marc. De Kapuzinertheater – deen eigentlech guer net dofir konzipéiert war, wat vill vun eis op an hannert der Bühn oft fluche gedoën huet – war fir d’Lëtzebuerger Theaterwelt e Quantesprong. Endlech konnt den Theater op Franséisch, Däitsch a Lëtzeburgësch ënner professionnelle Bedingungen produzéiert, geprouwt, gespillt a gesi ginn. De Motor vum Kapuzinertheater war während engem Véirelsjorhonnert de Marc Olinger.

De Marc war kee Frënd vum sougenannte „Regietheater“ wéi mer e virun allem aus Däitschland kennen. Mee als Direkter vum Kapuziner huet hien trotzdem vill där Inszenéierungen op de Spillplang gesat, a mat Recht, och wann hie munnëch Kéier de Kapp gerëselt huet. Déi intellektualiséiert, verkappte Saachen, déi waren net dem Marc Sénges. Bei him koum den Theater ëmmer aus dem Bauch eraus. A wa jo een e grousse Bauch hat, da war et de Marc! Woubäi: dat „aus dem Bauch eraus“, dat ass guer net negativ gemengt, mee dat steet am Géigendeel fir eng onbändeg Loscht an e grondéierlecht an zolitt Handwierk. Souwuel beim Foie gras, wéi beim Theater, wou hie genee esou e Boulimique war als Produzent, Regisseur a Schauspiller.

Ech hoffen, datt mer an de nächste Wochen op der Tëlé e puer Lëtzebuerger Stécker ze gesi kréien, wou den Olingësch Marc matspillt, ma och där wou e Regie gefouert huet. Da kann nach eng Kéier jidfereen appréciéieren watfireen präzisen a liewensechte Komiker de Marc war. Awer och – besonnëch a sénge Regieraarbéchten vu Pol-Greisch-Stécker – mat watfirenger Finesse hien déi lues absurd Momenter inszenéiert huet.

Bei all deem Theater sollt een net vergiessen, datt de Marc Olinger och ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Film ass. Viru genee 30 Joër krut ech vum Marc méng éischt grouss Filmroll an „Déi Zwee vum Bierg“, wou hie Regie gefouert huet.

Et war och beim Film wou ech dem Marc déi leschte Kéier begéint sinn: am Hierscht 2014 wore mer allebéid zu Paräis op der Visioun fir d’Schauspiller an d‘Techniker vum Film „L’Enquête“. De Film an de Marc Olinger sinn am Fréijor an de franséische, belschen a Lëtzebuerger Kinoën ze gesinn.

De Marc Olinger war 1996 ee vun de Grënnungsmëmbere vun der TheaterFederatioun a war, bis hien an d’Pensioun goung, quasi op all eise Sëtzungen derbäi.

De Marc Olinger ass definitiv ofgaang. Et ass elo un eis, fir eis virun him ze vernäipen.

Christian Kmiotek, Präsident vun der TheaterFederatioun

Dieser Beitrag wurde unter Kultur veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s