Den Zukunftspak, besonnëch fir eis Kanner

„Mir hunn dat schonn ëmmer esou gemaach !“ Abee, et kann een eng Saach och 20 Joër laang falsch maachen.

Ech si jiddefalls iwwerzeegt: wa Politiker einfach nëmme Scholden op Scholden tesselen, da maachen se hir Saach doudsécher falsch. Well et därf net sinn, datt aus ganz kuurzliewegen, nëmme waltaktëschen Iwwerleeungen Primmen a Subsiden un all méiglech Wielergruppe verdeelt ginn. Déi simpel a feig Aart a Weis fir mat der Strenz iwwer d’Land ze zéien, déi den Numm Politik net verdéngt, mécht dem Wiirt d’Spënnchen an de Keller eidel, a seet dann zu him: „Schéck d’Rechnung un eis Kanner a Kandskanner“.

No 20 Joër Stëllstand, mécht déi nei blo-roud-gréng Koalitioun endlech emol erëm Politik. Eng modern a verantwortlech Politik, déi no vir kuckt. Den Zukunftspak, deen elo ëmgesat gëtt, dat ass Politik, déi hiren Numm verdingt, ausgeriicht op dei mëttel- a laangfristëg Zukunft.

D’Scholde ginn zeréckgefuer an et gëtt souguer e „Future Fund“ ugeluecht. Dat ass eng wäitsiichteg Politik, déi och eis Kanner an Enkelen mat am Bléck behält. Dat ënnerschreiwen ech mat zwou Hänn, well et nohalteg ass.

Den Zukunftspak an de Budget vun der neier Generatioun – deen net nëmmen ee Joër kuckt, ma bis 2018 reecht -, sinn equilibréiert, well jidderee säint muss derzou bäidroën fir d’Land an d‘Gläichgewiicht ze kréien. Et gëtt awer kee vun eis iwwerméisseg belaascht, an déi di et am meeschte brauchen, kréie weider eis voll Ënnerstëtzung, an dat ass gudd esou.

Ween elo behaapt, déi blo-roud-gréng Koalitioun wär eng vun der Austeritéit, deen ass e politësche Ligener. Well d’Staatsausgaben wuesse weiderhinn an ënnerstëtzen domadder déi erëm e bësse méi blatzeg Economie. Virun allem awer ginn d’Investitiounen méi héich gefuer wéi bis elo, an dat ass jo awer an deem Sënn keng Dépense, mee e sënnvollen Invest an d’Zukunft. Besonnech déi Investitiounen, déi d’Mobilitéit vun eis all fir déi nächst Jorzéngte moderniséieren, droën en ekologësche Stempel.

Déi iwwerfälleg Upassungen an der Familien- an an der Kannerpolitik weise wéi an engem Vergréisserungsglas, dass déi blo-roud-gréng Koalitioun vun de Moderniséirer net virun de néidege Reformen zeréckscheit. Am Géigesaz zu der viirechter Praxis, mat der Géisskaan duurch d’Land ze zéien an eise Kanner nëmme Scholden ze hannerloossen, gëtt elo bewosst eng Politik bedriwwen, déi op Ziiler histeiert: Sachleeschtungen wéi gratis Kannerbetreiung kréien de Virzuch viru Geldleeschtungen, domat si mer sécher datt déi agesate Mëttel och bei de Kanner ukommen. An der Kanner- a Familiepolitik gëtt vun elo un eng fraëfrëndlech Politik bedriwwen, déi eisem moderne Liewen an de Fraën a Männer vun haut ugepasst ass.

Gläichzäiteg ginn eis Kanner fit gemaach fir d’Erausfuerderunge vu muer.

Dozou déngt dee ganzen Zukunftspak.

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s