Zur politëscher Rentrée 2014/2015

Dat politëscht Joër 2014/2015 gëtt dat innovativst zënter Jorzéngten a weist domat, datt et wichteg war, datt eng onverbraucht Equipe mat neien Iddiën eist Land un d’Realitéite vum 21. Jorhonnert upasst.

Sécher : et kréien der vill vun eis e bëssen an de finanzielle Wuelstands-Speck geschnidden, mee dës Upassunge sinn iwwerfälleg, well jorzéngtelaang Walkadoë verdeelt gi sinn u Leit, déi se guer net néideg haten. Fir net d’Zukunft vun eise Kanner an Kandskanner mat Scholden ze hypothekéieren, ass et néideg, déi begrenzte staatlech Finanzmëttelen esou anzesetzen, datt se bei denen ukommen, déi net wéi d’Mueden am Speck liewen, mee all Mount Schwieregkeeten hunn, iwwer d’Ronnen ze kommen.

Och de Fonctionnement vun eisen Institutiounen muss erneiert ginn, well mat Regelen aus der Postkutschenzäit ass eist Land net fit fir déi global Erausfuerderunge vum 21. Jorhonnert.

Well eng Partei, déi mat e puer Ausnahmen déi lescht honnert Joër ëmmer d’Soën am Land hat, bei der Moderniséierung vum Staat ferm gebremst huet a nach ëmmer bremst, ass et 2015 un de Wielerinnen a Wieler an engem Referendum ze soën, wat sie ënnert enger moderner Demokratie verstinn.

Fir mech ass eng modern Demokratie eng, an där jiddereen déiselwecht Rechter huet. Dofir freeën ech mech op de Januar 2015, wann déi éischt Männer a Männer a Fraën a Fraën sech matenee bestueden.

Fir mech ass eng modern Demokratie eng déi participativ ass. Dofir sinn ech begeeschtert, datt d’Biergerinnen a Bierger breet agebonne sinn an d‘Landesplanung. Bei dësem Plange vun eiser Zukunft leeë mer gemeinsam fest, wéi mer d‘Schaffen, d‘Wunnen, den Transport, d‘Fräizäit a selbstvertständlech och d‘Natur am Sënn vun der Nohaltegkeet méi no beienee réckelen.

Well ech eng modern Demokratie wëll, an där jiddereen déiselwecht Rechter huet a jidderee matdecidéiere kann, ginn ech mat Zouversiicht an d’öffentlech Diskussioun iwwer d’Walrecht fir Nët-Lëtzebuerger, déi da Mëtt 2015 iwwer Referendum tranchéiert gëtt.

Dat politëscht Joër 2014/2015 réckelt déi grouss politësch Entscheedungen e gudd Stéck méi no bei d’Mënschen. Ech sinn houfreg, äifreg dorunner matzeschaffen.

Dieser Beitrag wurde unter Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s