Laudatio: Association nationale des Victimes de la Route – AVR – kritt de Korczak-Präis 2013

Altesse Royale,
Här Chamberpräsident,
Madame Ministësch, Här Minister,
Här Präsident vun der parlamentarëscher Familien- an Integratiounskommissioun, Dir Dammen an Hären Deputéiert an Europadeputéiert, Madame Schäffin,
Léiw Laureaten a fréier Laureaten vum Korcak-Präis, Dir Dammen an Hären, léiw Frënn vun der Fondatioun Kannerschlass, Mëmberen vum Verwaltungsrot a Mëmberen vum Aarbechtsgrupp Korczak-Präis,

Am Joër 2012 hunn 34 Mënschen hiert Liewen op eise Stroosse verluer. De schwaarze Bilan ass nach méi donkel 2013 mat 45 Doudeger.
Dozou kommen nach pro Joër ëm déi 1.400 Blesséierter, dovunner tëscht 3- a 400 Schwéierverwondter.
Bis dohinner geet d’Statistik.
Mee et si vill méi Mënsche betraff, wéi d’Statistik et ausseet.

Well hannert all Affer, ob fatal oder blesséiert, sti Kanner an Elteren, Partner a Geschwëster, Famill a Frënn.
Den Accident ass fir all d‘„Victimes de la Route“ en déiwen Aschnëtt am Liewen. Fir déi Blesséiert selwer a fir all déi Mënschen, déi den Affer vun der Strooss nostinn, geet mam Onfall eng nei Zäitrechnung un. Et gëtt vun elo un fir sie eng Zäit virum Accident an eng Zäit derno.

Bei mir war déi Zäsur de 25. Oktober 2011 um halwer 7 owes. D’Police, déi un der Dir schellt a freet ob se erakomme kann. D’Annonce datt 10 Stonne méi fréi méng béid Elteren bei enger Kollisioun mat engem Camion am Frankräich leie bliwwe sinn. – Allebéid? – Jo, Är zwéin Elteren!

Déi psychologësch Ënnerstëtzung, déi d’Police ugebueden huet hunn ech net gebraucht. Ech hunn och net op Hëllef vun der AVR zeréckgegraff. Ech muss Iech och éierlech soën, datt ech mech net am enke Sënn als „Victime de la Route“ gesinn. Mee dat huet zwee besonnëch Grënn: méng Elteren ware schon al, an do rechent ee mam Doud, wann och net mat esou engem doubele Schock. An dann: mäi Papp hat deen déidlechen Accident selwer verursaacht. Och wann ech ni d’Ursaach vum Accident gewuer ginn, sinn ech immens frou, datt keng weider Mënschen zu Schued koumen.

Elo, no dëser, ménger ganz perséinlecher neier Zäitrechnung, kann ech ganz gudd novollzéien, wéi Dir, déi direkt an indirekt Affer vum Stroosseverkéier fillt.
Wéi Dir iech Froën iwwer froën stellt. Wéi Dir ëmmer erëm iwwer déiselwëcht Froën tiirmt:
Firwat elo?
Firwat ech?
Wéisou e sou e jonke Mënsch?
Wien huet Schold?
Wisou den aneren an net ech?
Wat wär gewiescht wann?
Wien oder wat ass Schold?
Wat hätt ech kënne machen, fir datt …?

Aus esou enger Spiral vu Sichen an Net-Fannen, hëllefe Gespréicher mat Famill a Frënn. Mee wann d’Spiral riskéiert an d’Depressioun ze féieren, dann hëllefe virun allem Gespréicher mat Professionnellen, awer méi nach den Austausch mat Mënschen, déi selwer och betraff sinn.
Déi Persounen, déi selwer eng genee esou grausam Erfahrung gemeet hunn, a méi oder wéineger gudd doriwwer ewech komm sinn, hunn eng Legitimatioun, déi – trotz méngem héige Respekt fir d’Leeschtunge vun de Professionnellen – eng vill méi déiw Wiirkung huet.

An da sinn do och nach d’Narben: déi kiirperlech, awer virun allem och déi mental. An de schwéiere Wee zeréck an dat Liewen, dat elo esou anëscht ass. Och dobäi hëlleft allen Affer vum Strosseverkéier déi intelligent Kombinatioun vu Professionalismus a Selbsterfahrung, wéi se d’AVR ubidd.

Altesse Royale,
Här Chamberpräsident,

 D’Kritären, no deenen den Aarbechtsgrupp „Korczak-Präis“ vun der Fondation Kannerschlass ewell scho fir d’11. Kéier de Präis vergëtt, gesinn ënner anerem vir, datt Initiativen de Virzoch kréien, déi wéineg Mëttelen hunn, an trotzdem eng qualitativ héichwerteg a gesellschaftlech wichteg Aarbecht leeschten.

D‘“Association nationale des Victimes de la Route“ huet deemno de Korczak-Präis 2013 wéi wéi verdéngt. Mat dem Asaz vu leider nach ze wéinege professionnellen an dofir awer ëmsou méi bénévole Stonnen ënnerstëtzt d’AVR déi Persounen, déi direkt oder indirekt vun engem Verkéiersaccident betraff sinn, an zwar um psychologëschen, um administrativen an um soziale Plang.

En anere wichtege Volet vum Asaz vun der AVR ass d’Préventioun an d’Sensibilisatioun. Well all Accident, dee ka verhënnert ginn, ass net nëmmen e materielle Gewënn, mee virun allem en onbezuelbart Evitéieren vu mënschlëchem Leed.

Léiw Vertrieder vun der “Association nationale des Victimes de la Route“,

Fuert weider dermadder, d’Ëffentlechkeet awer och déi national an europäësch Politik net nëmmen fir d’Uleies vun de Victimen ze sensibiliséieren, ma besonnëch fir méi Sëcherheet am Stroosseverkéier. Är Vereenegung ass iwwer 20 Joër al, genee wéi de Korzak-Präis. Ech sinn iwwerzeegt, dat dës Auszeechnung e weidere Mosaiksteenchen an Ären zéie Beméiungen ass, d’Zivilgesellschaft an d’Politik opzeklären doriwwer, datt Verkéiersdoudeger a Stroossenaccidenter keng Fatalitéit sinn, mee en Ausdrock vun eisem Liewensstil … an deemno och verhënnert kënne ginn.

Monseigneur,

 Jiddereen heibannen weess et ze schätzen, datt Dir haut den Owend un der Säit vun de Victimen stitt an dës Zeremonie duurch Är Präsenz rehausséiert, och well doduerch den Impakt an de Medien nach e bësse méi grous gëtt an dat ass duerch an duerch am Sënn vun der gudder Cause. Eng Cause, déi Dir, Monseigneur, jo dauerhaft ënnerstëtzt, well Dir den héige Patronage vunn der “Association nationale des Victimes de la Route“ assuméiert.

Här Transport- an Infrastruktur-Minister,

Är Präsenz weist, datt Dir sensibel sidd, fir d’Uleie vun der AVR. Dir hutt et mat an der Hand, fir eis Stroossen méi sécher ze maachen, durch reglementarësch an infrastrukturell Upassungen.

Madame Familien- an Integratiouns-Ministësch,

Zanter 1995 ënnerstëtzt Ärt Haus d’AVR, zanter 2000 mat konventionéierte Posten. Allerdéngs leeft an der AVR nach ganz vill iwwer Benevolat – dee jo op kee Fall därf verschwannen, wéi ech schonn ervirgehuewen hunn – mee eng weider Professionaliséirung ass sécher net vu Muttwëll.

Dir Dammen an Dir Hären,

Vergiesse mer net, datt mir alleguerten, mat eisem Verhalen am Alldag a mat eiser Virbildfunktioun, d’Stroosse méi sécher kënne maachen a vill mënschlécht Leed verhënnere kënnen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Gesellschaft, Mobilität veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s