Volle gréngen Asaz och 2014 ! Méng Neijoersried

2013: d’Demokratie triumphéiert

2013 – wat e politëscht Joer fir Lëtzebuerg!

Déi 1. Halschent hat jo nach ausgesinn wéi Business as usual.

Mee et ass net vir näischt, datt mir Gréng politësch Eierlechkeet, Gläichbehandlung, Deontologie an Transparenz op eisem Fändel stoën hunn. Eis Deputéiert hunn dénoncéiert an opgedeckt, wat an enger Demokratie inakzeptabel ass.

An d’Demokratie huet, sou wéi et sech fir sie gehéiert, triumphéiert. Virgezunne Neiwalen: e bal onbekannte Phänomen am politësch skleroséierte Lëtzebuerg!

D’Demokratie ass 2013 zu Lëtzebuerg wakereg gekësst ginn, wat sech och dorunner gewisen huet, datt scho laang net méi esou vill verschidde Parteien a Gruppéierungen sech de Wielerinnen a Wieler gestallt hunn. Dat war dann och eng vun den Ursaache vun eisem schlechte Walresultat; de Comité exécutif an d’Bezierker schaffen iwwregens schonn un enger méi detailléierter Analys an Autokritik.

 Erneierung

Déi logësch Konsequenz vun der Demokratie ass de Wiessel an d’Erneierung.

D’Politik, déi besteet och aus der Fantasie an dem Virstellungsverméigen, wéi eng aner Zukunft kann ausgesinn. An déi héich Konscht vum Politiker besteet doranner, d’Geleënheet ze ergräifen, wann se sech ergëtt. Fir dat Aalt hanner sech ze loossen, fir net nëmmen ze lëften, mee fir ze renovéieren, ze erneieren, ze moderniséieren. Déi 3er-Koalitioun – eréischt déi 2. Majoritéit lénks vun der Mëtt zanter dem 2. Weltkrich – ass genee déi Konstellatioun déi Lëtzebuerg brauch, fir d’Erausfuerderungen vum d’21. Joerhonnert ze meeschteren.

Den 2013er Walkampf an déi gréng Regierungsbedeelegung sinn iwwregens dat gemeinsamt Wierk vun honnerte Militanten, Sympathisanten, Professionnellen, Bénévolen a Mandatären. Iech alleguer nach emol e riesege Merci fir ären Asaz, deem keng Stonn ze fréi a keen Dag ze laang war.

Eng provokant These

Zanter Wochen geeschtert eng provokant These a méngem Kapp, déi ech wëll mat iech deelen: Déi Dräier-Regierungskoalitioun ass an der Mamer Lokalsektioun zustane komm!

Erënnert iech emol un de Walowend zeréck. Deen allerleschte Chamberssëtz, deen nach beim Auszielen hin an hier goung, huet am Bezierk Süden tëscht der CSV an der LSAP hin an hier gewackelt. Wéi en dunn schlussendlech fir d‘CSV verluer goung, war mat 32 Sëtz déi aktuell 3er-Koalitioun méiglech ginn.

Ech ka mer virstellen, datt d’CSV dee Sëtz wéinst dem onermiddléchen Asaz vun de grénge Mamer Kolleginnen a Kollegen verluer huet. De Jemp Weydert a séng Equipe hunn exemplarësch opgewisen, wéi ongenéiert a verlugen, wéi iwwerhiewlech, rücksichtslos an egoistësch, awer och wéi politësch onintelligent eenzel Alpha-Déieren kënnen agéieren, wann se iwwerzeegt sinn, datt d’Muecht éiweg an hirem Camp bleiwt.

Ech zéien doraus eng Léier:

Déi seriö Aarbecht, déi dir gréng Mandatären an de Gemengen alleguerten – egal ob an der Majoritéit oder an der Oppositioun – zanter Joere leescht, huet eis Gréngen d’Dir fir an d‘3er-Regierungskoalitioun opgemeet.

Opbauaarbecht

 Ech muss dann awer direkt nach eng 2. Léier zéien: Wir mussen eis als Partei erneieren, national a lokal! Dat wat virun enger Woch zu Déifferdéng der DP passéiert ass, muss eis Gréngen eng Warnung sinn. Mir musse Politik als d’Aarbecht vun enger Equipe ugoën an net nëmmen op eenzel Perséinlechkeete setzen.

A mir mussen Opbauaarbecht leeschten, fir net wéi en Hung ouni Kapp dorëmmer ze lafen, wann ee vun eisen Exponenten aner perséinlech oder politësch Prioritéite setzt.

A propos Déifferdéng: Roberto Traversini , du hues t‘lescht Woch däi politëscht Meeschterstéck ofgeliwwert. Ech hunn nie dru gezweifelt, dass du den nächsten Député-Maire vun der 3.-gréisster Stad am Land géings ginn. Awer dass de och nach dem Georges Liesch säi Schäffeposten hale konns, dofir kriss de d‘Felicitatioune vum Jury.

Duerch eis Regierungsbedeelegung leeft d’Erneierung op allen Niveauen op Héichtouren. Ech nenne just: d’Carole Dieschbourg als Ministësch, d’Christiane Wickler an de Roberto Traversini als nei Deputéiert, d’Sam Tanson als Haaptstad-Schäffin.

Och eng Parti Lokalsektiounen hunn d’Erneierung schonn ugefaang an ech wollt stellvertriedend Esch an de Jean Huss ervirhiewen. D’Verhënnere vum Atomreakter vu Remerschen, 30 Joër gréngen Asaz, vun der Grënnung vun der Partei iwwer Stierfhëllef an Ëmweltmedizin, bis hin zum historësche Moment, wou mer eng éischte Kéier Regierungsverantwortung iwwerhuelen: de Muck ass fir all Gréngen e Virbild an hien huet eisen déiwe Respekt verdingt.

* * *

Eng staark gréng Stëmm…

De Claude Turmes kann den Owend net bei eis sinn, well zu Bréissel erëm eng Parti Big-Money-Lobbyisten probéieren, d‘Iwwerhand iwwer d’Politik an d‘EU-Kommissioun ze kréien: se probéieren, konkret europäësch Zieler fir déi erneierbar Energien ze verhënneren. Dir verstitt, datt de Claude an déi aner gréng Europadeputéiert elo ferm dergéint mussen halen.

A scho si mer voll an der Wichtegkeet, gréng Iddiën net nëmmen hei zu Lëtzebuerg an der Regierung an an de Gemengen, mee och an Europa duurchzesetzen. De Motto: „Global denken, lokal handelen“ kritt mat eis gréngen e ganz konkreten politëschen Inhalt.

De Claude Turmes huet en impressionante Bilan opzeweisen, an ech nennen nëmmen:

– hien huet e kloëre Lobbykodex fir all Lobbien zu Bréissel ausgeschafft ;

– hien huet konkret fir erschwënglech a propper Energie geschafft; dëst andeems en en EU-Gesetz fir d‘Energiespueren an Energiespuerlabelen op de Wee bruecht huet;

– den Tuurm huet matgehollef, datt d‘Wasserversuergung an Europa net privatiséiert gëtt

– a konkret u neien EU-Regelen géint de Sozialdumping am EU-Bannemarché geschafft.

… mécht zu Bréissel a Stroossbuerg den Ënnerscheed

Zesumme mat eise grénge Schwësterparteien si mer amgaang, den Europawalprogramm auszeschaffen, deen eng gemeinsam Komponent huet, awer och e spezifëschen Deel, deen op Lëtzebuerg bezunn ass.

De Claude Turmes ass sécher erëm eise Spëtzekandidat, well hien ass eis „valeur sûre“ zu Bréissel a Stroossbuerg.

Eis Walkommissioun war zesummen an ech sinn iwwerzeegt, datt mer iech op eisem Kongress den 1. März net nëmmen e gudde Programm, mee och eng staark Lëscht mat niewt dem Tuurm nach 5 engagéierte Fraën a Männer präsentéiere kënnen.

An der Campagne wëlle mer de Wielerinnen a Wieler weisen, datt eng staark gréng Stëmm zu Bréissel den Ennerscheed mécht. Mir hunn nämlech e ganz gudde Bilan opzeweisen, an elo wou mer an der Regierung sinn, kënne mer nach méi fir d’Ëmwelt, fir d’Mënschen, fir Lëtzebuerg erreechen.

Nëmmen mat eis Gréngen gëtt et konkrete Verbraucherschutz, e seriöë Klima- an Ëmweltschutz, an eng Europäësch Unioun, déi tolerant a sozial ass.

Volle gréngen Asaz: lokal, national an europäësch! Och 2014!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa, Gemeinden veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s