Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,
Wëllkomm op engem Kongress wéi et e bei eis nach ni gouw.
Déi 2. Halschënt vun dësem Joër ass an der Lëtzebuerger Politik gefillt mat Iwwerschallgeschwindëgkeet ofgelaf. Dobäi ass dann och esou munnëch mol d’Schallmauer durchbrach ginn.
Wat virdru keng Optioun war, wat kaum fir méiglech gehale gouw, wat déi jonk Leit just vum Héiresoë kannt hunn, gouw op eemol Realitéit :
- dass zu Lëtzebuerg eng Regierung kéint zum Récktrëtt gezwonge ginn,
- datt et zu Lëtzebuerg eng stabil Majoritéit vu Mëtt-Lénks gi kéint.
Mir sinn elo an enger Situatioun, wou mer eng historësch Chance hunn, fir mat eise gréngen Iddiën eist Land ze veränneren.
Dat ass eng Situatioun, déi eis Partei – déi jo dëst Fréijoër hiren 30. Geburtsdag gefeiert huet – nach net erliewt huet.
An deemno sinn eis Parteistatuten och net esou perfekt gestréckt, datt se d’Eventualitéiten, d’Prozeduren an déi verkiirzt Délaisen virgesinn, déi am Kader vu Sondéirungsgespréicher, Koalitiounsverhandlungen, engem Koalitiounsofkommes an enger Regierungsformatioun nun ebe gi sinn.
Niewt enger intensiver Analys vun eisem Walresultat an den néidegen Upassungs- an Erneierungsprozesser an eiser Partei, stinn dofir bestëmmt och an nächster Zäit Statutenännerungen um Programm.
En attendant, a well mer an enger Situatioun waren, wou d’Realitéite vu gëscht am Stonnentakt durch nei Tatsaachen fir muer ersat gouwen, huet Äre Comité Exécutif de ganze Prozess a ganz rapprochéierten Délaisen verfollegt an déi néideg Decisoune geholl:
- Den 21. an den 22. Oktober hunn de CEX an d‘Fraktioun éischt Weiche gesat an et koum zu Sondéierungsgespréicher.
- Den 23. Oktober huet doropshin de CEX eestëmmeg decidéiert, mat DP an LSAP a Koalitiounsverhandlungen ze goën.
- Ausserdem huet de CEX eestëmmeg déi 7 Leit vun der grénger Verhandlungsdelegatioun mat un der Spëtzt dem Felix Braz bestëmmt an och Mëmberen an den Aarbechtsgruppen ernannt.
- Duerno war de CEX am Wochentakt am Austausch mat der Verhandlungsdelegatioun a mat de Mëmberen vun den Aarbechtsgruppen.
Deemno bieden ech Iech, herno d‘Kongressresolution iwwer d’Urgence an d’Prozedur unzehuelen.
Ech well awer och all dene Leit (déi ech onméiglech all nenne kann) e grousse Merci soën, déi an der Haaptdelegatioun, an den Aarbechtsgruppen, als Sekretären, Virbereeder an Nobereeder an och als diskret Zouliwwerer vun Informatiounen an Iddiën de Koalitiounsaccord zustane bruecht hunn.
W.e.g. e klengen Applaus fir en titanëschen Aarbechtsasaz.
Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,
Mir sinn elo an enger Situatioun, wou mer eng historësch Chance hunn, fir mat eise gréngen Iddiën eist Land ze veränneren.
Mir sinn eis jo all bewosst, datt déi nächst 5 Joër net einfach ginn.
Net nëmme, well d’Land institutionell a finanziell an engem desolaten Zoustand hannerloos gouw. Ma och, well d’Erwaardungen un dës Koalitioun immens héich sinn.
Dofir, a wëll mer zu 3 sinn, war et wichteg, e ganz detailléierten Accord auszehandelen.
De Koalitiounsvertrag, an déi nei Regierungskoalitioun déi sech dorobber grënnt, si kee Pakt géint iirgendeen, wéi eng grouss Lëtzebuerger Partei dat jo e puer Woche laang gemengt hat.
D’Roadmap an d’Equipe fir déi nächst 5 Joër sinn en Opbroch an eng nei Zäit. Iwwerkomme Strukturen a skleroséiert Gewunnechte ginn endlech opgebrach. A mir Gréng hunn do intensiv mat dru geschafft.
Ween de Koalitiounsaccord liest, spiirt net nëmmen en neie Wand, mee muss feststellen, datt elo endlech d’Méiglechkeet opgemeet gouw, fir Lëtzebuerg op ganz nei Fëllementer ze stellen.
Mir Gréng sinn Deel vun enger Bewegung, fir déi en historësche Moment gräifbar ass.
Léiw Kolleginnen a Kollegen,
Irgendwann an där hektëscher éischter Woch, an der Euphorie nom Méinden 21. (!) Oktober hat ech ménger Co-Präsidentin Sam Tanson e kurzen SMS geschéckt, just 3 Wierder: „ Mir schreiwe Geschicht !“.
Kolleginnen a Kollegen,
Haut den Owend ka Geschicht geschriwwe ginn. Mir schreiwen all zesummen haut den Owend Geschicht! Den Owend hu mir et an der Hand, fir aus der historëscher Chance … en historësche Moment ze maachen.
Haut decidéiere mir, ob fir d’zweete Kéier zanter dem 2. Weltkrich eist Land net vun de Konservative gefouert gëtt.
Haut kënne mer decidéieren, eise Slogan ëmzesetzen: „Méi gréng, méi Verantwortung“.
Mir wollte méi gréng:
Et läit elo e Koalitiounsvertrag um Dësch, deen op jidfer vun den 200 Säiten de grénge Stempel dréit.
En Accord, vun deem ganz Kapitelen mat déiwgrénger Tënt geschriwwe goufen.
Mir wollte méi Verantwortung:
An de nächste 5 Joër kënne mer mat 4 Leit an der Regierung a mat enger Majoritéit an der Chamber am Interessi vum Land déi gréng Iddiën ugoën, fir déi mer déi lescht 30 Joër gekämpft hunn.
Op mäin SMS „ Mir schreiwe Geschicht !“ krut ech iwwregens vum Sam Tanson e Smiley zeréckgeschéckt.
Kolleginnen a Kollegen, ech erhoffe mer och haut den Owend vun Iech all en décke Smiley.
Ech sinn nämlech iwwerzeegt dervun, datt Dir all – aus déiwer Iwwerzeegung a mat engem froue Laachen um Gesiicht – de Programm, an och eis gréng Regierungsequipe, esou wéi de CEX Iech se proposéiert, unhuelt.