Durch d‘Affären ass an der Politik vill Porzeläin zerschloë ginn an et ass un der Zäit Vertrauen nei opzebauen. Dat geet nëmmen iwwer eng Erneierung vun der Politik. Net nëmme nei Persounen an e neie Stil, mee virun allem eng Erneierung bei den Inhalter.
Wichteg ass elo en Ëmbau vun eisen Institutiounen an en aneren, moderne Fonctionnement vum Staatsapparat. Et muss goën Richtung transparente Staat, kloër Regelen a méi Biirgerrechter.
Transparenz
D’Chamber an den eenzele Biirger musse séier a komplett Zougang kréien zu alle relevanten Verwaltungsinformatiounen. D’Leit musse kloër Rechter par rapport zu der Verwaltung kréien. Et muss e Code de bonne conduite fir d’Beamten opgestallt ginn, fir datt sie als öffentléch Dingschtleeschter kompetent am Service vun de Clients’en schaffe kënnen. An Zukunft mussen all wichteg Dokumenter an de verschiddene Prozeduren öffentléch sinn.
Kloër Regelen
Et muss an Zukunft Regele ginn, wat e Minister an och séng Beamten, därfe maachen, a wat op kee Fall. Dës kloër Spillregelen verhënneren Gemauschels a Gewurschtels a setzen dem Minister séngem Pouvoir kloër Limiten.
Donieft brauche mer endlech eng seriö an efficace Koordinatioun tëscht de Ministeren an de Verwaltungen (cf. Falliten Staater Buttécker).
Beim Staat muss déi lénks Hand wëssen, wat déi riets mécht, well soss gëtt dat nie eppes mat der „simplification administrative“.
Mir brauchen d’Bedeelegung vun de Bierger
Iwwer di grouss Linnen vum öffentléchen Plangen an Handelen därf net an der klenger Stiffchen entscheed ginn.
D’Biergerinnen an d’Bierger mussen fréi an all grouss Projets’en mat agebonne ginn.
Dat mécht d’Prozeduren net méi laang, mee et verkierzt se am Géigendeel, well vill Knackpunkten schonn am viraus kënnen am Dialog geklärt ginn. Biirgerbedeelegung verlaangt e komplett Ëmdenken bei de Verwaltungen a Politiker.
D‘Biirgerbedeelegung ass eng eenzegaarteg Chance, den Know-How vu villen ze notzen.
Si erlaabt et, déi géigesetzlech Interessen vun e puer an d’Wuel vun eis all op eng demokratësch Art a Weis ënnert een Hutt ze kréien.
Net nëmme lëften, mee renovéieren
Wann et ëm eis Institutioune geet, da geet et net duer, eng Kéier kuerz d’Fënster opzerappen an ze lëften, wéi verschiddener sech dat virstellen.
Mir mussen am Haus Lëtzebuerg kucken, wat esou kann erhale ginn, a wat muss vu Grond op renovéiert ginn. Watfireng Prozeduren muffeg sinn, an eraus mussen, an a watfirenge Politikfelder nei Stäipen mussen agezu ginn.
E modernt „Gemeinwesen“
Mir brauchen eng Erneierung vun eiser Verfassung, sou wéi et sech fir eng modern Demokratie gehéiert. Ma virun allëm brauche mer e moderne Staatsapparat.
E Staat a Ministeren, déi näischt ze verstoppen hunn an also och näischt verstoppen.
E Staat mat gudde Beamten, déi de Bierger als Client respektéieren a beroden.
E Staat, den als richteg Gemeinschaft och bei sénge groussen Decisounen kee fale léisst, mee d’Leit mat abënnt.