Durch d‘Affären ass an der Politik vill Porzeläin zerschloë ginn an et ass un der Zäit Vertrauen nei opzebauen. Dat geet nëmmen iwwer eng Erneierung vun der Politik. Net nëmme nei Persounen an e neie Stil, mee virun allem eng Erneierung bei den Inhalter.
Wichteg ass elo en Ëmbau vun eisen Institutiounen an en aneren, moderne Fonctionnement vum Staatsapparat. Et muss goën Richtung transparente Staat, kloër Regelen a méi Biirgerrechter.
Transparenz
D’Chamber an den eenzele Biirger musse séier a komplett Zougang kréien zu alle relevanten Verwaltungsinformatiounen. D’Leit musse kloër Rechter par rapport zu der Verwaltung kréien. Et muss e Code de bonne conduite fir d’Beamten opgestallt ginn, fir datt sie als öffentléch Dingschtleeschter kompetent am Service vun de Clients’en schaffe kënnen. An Zukunft mussen all wichteg Dokumenter an de verschiddene Prozeduren öffentléch sinn.
Kloër Regelen
Et muss an Zukunft Regele ginn, wat e Minister an och séng Beamten, därfe maachen, a wat op kee Fall. Dës kloër Spillregelen verhënneren Gemauschels a Gewurschtels a setzen dem Minister séngem Pouvoir kloër Limiten.
Donieft brauche mer endlech eng seriö an efficace Koordinatioun tëscht de Ministeren an de Verwaltungen (cf. Falliten Staater Buttécker).
Beim Staat muss déi lénks Hand wëssen, wat déi riets mécht, well soss gëtt dat nie eppes mat der „simplification administrative“.
Mir brauchen d’Bedeelegung vun de Bierger
Iwwer di grouss Linnen vum öffentléchen Plangen an Handelen därf net an der klenger Stiffchen entscheed ginn.
D’Biergerinnen an d’Bierger mussen fréi an all grouss Projets’en mat agebonne ginn.
Dat mécht d’Prozeduren net méi laang, mee et verkierzt se am Géigendeel, well vill Knackpunkten schonn am viraus kënnen am Dialog geklärt ginn. Biirgerbedeelegung verlaangt e komplett Ëmdenken bei de Verwaltungen a Politiker.
D‘Biirgerbedeelegung ass eng eenzegaarteg Chance, den Know-How vu villen ze notzen.
Si erlaabt et, déi géigesetzlech Interessen vun e puer an d’Wuel vun eis all op eng demokratësch Art a Weis ënnert een Hutt ze kréien.
Net nëmme lëften, mee renovéieren
Wann et ëm eis Institutioune geet, da geet et net duer, eng Kéier kuerz d’Fënster opzerappen an ze lëften, wéi verschiddener sech dat virstellen.
Mir mussen am Haus Lëtzebuerg kucken, wat esou kann erhale ginn, a wat muss vu Grond op renovéiert ginn. Watfireng Prozeduren muffeg sinn, an eraus mussen, an a watfirenge Politikfelder nei Stäipen mussen agezu ginn.
E modernt „Gemeinwesen“
Mir brauchen eng Erneierung vun eiser Verfassung, sou wéi et sech fir eng modern Demokratie gehéiert. Ma virun allëm brauche mer e moderne Staatsapparat.
E Staat a Ministeren, déi näischt ze verstoppen hunn an also och näischt verstoppen.
E Staat mat gudde Beamten, déi de Bierger als Client respektéieren a beroden.
E Staat, den als richteg Gemeinschaft och bei sénge groussen Decisounen kee fale léisst, mee d’Leit mat abënnt.
Bravo a merci fir äre fortgesatenen Engagement.
Bis viru kuerzem war meng Bedeelegung als Bierger zimlech limitéiert. Mat dem Site 2030.lu ass se e ganze Krack gewuess. Ech hu eng riseg Zuel vu Virschléi ze machen an eréischt eng 20 op dee Site gesat.(ënnert dem Numm weisenik). Ech si frou dass Dir scho bal all déi wichtegst vertrëtt, wat d’Ännerungen déi komme mussen betrëfft. Awer et gëtt der nach en etlech!
Ech gi mer all Dag nach méi bewosst, dass déi Gréng wierklech Verantwortung, a VILL Verantwortung iwwerhuelen. Ech si stolz och mäi klengen Deel dozou bäigedroen ze hunn. An hoffen nach méi dozou bäidroen ze kënnen. Net evident, wann et esou vill Viruerteeler géngt ee gëtt, déi – wéi sech liicht beweise léisst – op falschen Date berouen, wann een dann d’Chance dozou kritt. D’CSV et Cie hu kräfteg dozou bäigedron, méi wéi der Iech virstelle kënnt, a méi wéi se der verbreet huet, wéi Déi Gréng am Entstoen a Komme waren.
Vläicht wär et gutt, wann ech mech emol mat Iech ausschwätze kënnt.
Falls Interesse besteet, da rufft mech un oder schéckt mer en sms op de 691 254 854.
N. Weisen, ee vun äre Wieler