Sou geet Demokratie

D’Affären hunn e grousse Vertrauensverloscht an d’Regierung provozéiert, an dat aus gudde Grënn:

  • E Minister, den séng Pouvoirs’en iwwerschratt huet (cf. Cargolux: am Alleingang an am Hauruck Deeler un de Katar verkaf)
  • Deeselwechte Minister, den net déi néideg Distanz zur Justiz gehalen huet (cf. Bommeleeër-Enquête)
  • Bal di ganz Regierung, déi eng grouss Komplizitéit mat Lobbyën a Privatinteressen hat (cf. Wickréng-Léiweng)
  • E Minister, den total d’Kontroll iwwert eng vu sénge Verwaltunge verluer hat (cf. SREL: mat illegalen Ecouten, am Dëngscht fir d’eegen Täsch schaffen, infekt Kampagne géint de Procureur général) ; bis haut huet dëse Minister dene Beamten keen Disziplinarverfahren gemeet.

Eis Demokratie funktionnéiert

Mee trotz den Affären hunn eis Institutiounen funktionnéiert, well mer eng parlamentarësch Enquêtekommissioun kruten an duerno och nach Neiwahlen. Déi Neiwahlen sinn en Ausdrock vum Vertrauensverloscht an d‘Regierung.

D‘Neiwahlen sinn awer och de Beweis, datt déi parlamentarësch Kontroll vun der Chamber iwwer d’Regierung funktionnéiert, datt also eis Demokratie funktionnéiert.

Durch d‘Affären ass an der Politik vill Porzeläin zerschloë ginn an d’Leit hu manner Vertrauen an d’Regierung, awer ëmsou méi Vertrauen an d’Oppositioun, wéi d’Emfoën weisen. Wuel well d’Oppositioun hir Roll zu Recht gespillt huet an eng ganz gudd Aarbecht fir d’Demokratie geleescht huet.

Neiwahlen als Chance

Et brauch een sech nëmme virzestellen, d’Oppositioun hätt an den Affären net déi Opklärungsaarbecht gemeet, wou wäre mer dann haut drun? Hätt haut dann nach irgendee Bierger och nëmmen e Fonkën Vertrauen an egal watfiree Politiker?

Duerch d’Neiwahlen kënnen d’Wielerinnen a Wieler elo ofweien, weem se fir d’Zukunft vertrauen am wem se d’Zukunftsgestaltung zoutrauen. Sou geet Demokratie.

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s