D’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert kann een net mat de Rezepter aus dem 19. Jorhonnert meeschteren

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Eise Walprogramm steet dann elo. Et ass e gudde Walprogramm, an dat aus dräi Grënn.

  1. Well en op eng ganz partizipativ Art a Weis zustane komm ass, wat dann och erklärt, datt haut eigentlech fir gréng Verhältnësser relativ wéineg Amendements’en zur Diskussioun koumen. Déi partizipativ Method huet derzou gefouert, datt dëse Programm déiw aus dem Härz vun der grénger Partei kënnt. An dofir ass et e gudde Programm.
  2. Well eis Diskussioune gewisen hunn, datt mer kënnen am Detail iwwer wichteg Nüancen debattéieren; ma datt mer eis, wat déi grouss Politikfelder ubelaangt eens sinn an eise gemeinsame gréngen Iwwerzeegungen.
  3. Et ass awer och nach e gudde Programm, well en op eng ganz realistësch Manéier an d’Zukunft weist. Dëse Programm weist op, wéi Lëtzebuerg an den nächste Jorën kann erneiert ginn an esou fit gemaach ginn, fir d’Erausfuerderungen vun enger moderner, globaliséierter Welt. Eise Wahlprogramm weist: waat soll a muss erhaalen ginn u Werter a wat muss sech grad doweinst änneren?

 ***
Eise Programm steet, da kënne mer jo elo bei all eenzele Wieler schelle goën, gelldu Fränz?
***

Och wann elo eréischt déi hëtzeg Phase vum Wahlmarathon ugeet, da woren all eis Kandidatinnen a Kandidaten an och eis Ënnerstëtzer aus Partei, Fraktioun, jonk gréng a Lokalsektioun scho massëg präsent an am Dialog mat de Wielerinnen a Wieler.

Ech hu jiddefalls schonn immens flott Kontakter gehat, déi mech onheemlech motivéieren.

Braderie Iechternach, wuel e klassëschen CSV-Wieler, e pensionnéierte Mann:
– „Firwat maacht Dir den Här Juncker esou schlecht?“
– „Nee Monsieur, mir stellen net a Fro datt den Här Juncker e wichtege Lëtzebuerger Staatsmann ass. Ma hien huet bis haut séng Hausaufgaben net gemeet. Et därf dach net sinn, datt all déi illegal Aktivitéiten am SREL – net autoriséiert Oflauschteren, eng infekt Kampagne vum Geheimdingscht geint den Procureur général, sech géigesäiteg bëlleg Luxusautoën zouschousteren, am Déngscht fir séng eegen Täsch schaffen – ouni Disziplinarverfahren bleiwt, oder? Watfiree Message gi mer do dem Rescht vum Staatsapparat – an dem Rescht vun Europa an der Welt? A wéi stinn dann all déi éierléch Staatsbeamten an der Meenung vun der Öffentlechkeet do? Oder?“
– „Jo, esou gesinn …“

Braderie Munneréf, eng jonk Köppelchen, se gi fir t’éischte Kéier wielen:
– „Kënnt Dir mer soën, firwat mir déi gréng wiele sollen?“
Do hunn ech mech emol ee Moment misse sammelen an hunn déiw Loft geholl. Ech hunn dun eis HOTSPOTs auserneegefaalt a kuurz erklärt:
– „Méng Ëmwelt, mäi Liewen; Bei Gréng rullt et; Gréng Energie, gesond Economie; Mir loosse kee falen“. Dono koume mer richteg an d’Gespréich.
Eng vun de Conclusiounen: Piraten oder aner Splitterparteien kommen op kee Fall fir si a Fro.

Stater Braderie, en héige Fonctionnaire aus engem Ministère:
– „Ech wiele gréng, wann der mer verspriecht, keng Koalitioun mat der CSV ze maachen“

Jo, ech hunn och emol misse schmunzelen.

– „Monsieur, dat kann ech iech net verspriechen. Mir maache keng Koalitioun mat Persounen oder Parteien, mir leeën d’Parteiprogrammer niewteneen, an do wou am meeschten vun eise gréngen Virschléi kënnen ëmgesat ginn, do kënne mer eis eens ginn.
Op Gemengen-Niveau si mer a Koalitiounen mat CSV, LSAP oder DP; awer och an Dräierkoalitiounen, déi gudd op Basis vum Koalitiounsaccord funktionnéieren, matt oder ouni CSV (an esouguer mam Här Wolter a mam Här Zeimet!).
Knackpunkten um nationale Plang si bei eis, de Wëllen de Staatsapparat ze reforméieren, eis Gesellschaft ze moderniséieren a verantwortungsvoll mat Mënsch an Ëmwelt ëmzegoën.“

 ***

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Ech hunn en immenst gudd Gefill bei dësem Wahlkampf, well ech op de sëllechen Braderien an aneren Evenementer wou ech war, eng vill méi positiv Stëmmung géintiwwer eis Gréngen gespuert hunn wéi nach 2009.

Am Mee 2009 – d’Kris war mol nach kee Joër al – haten d’Leit Angscht a kruten de sëchere Wee versprach, mat den albekannte Mëttelen aus der Hausapdikt. D’Leit wore ganz skeptësch géintiwwer eisem „Green New Deal“.

4 Joër méi spéit sinn déi, di deemols de séchere Wee versprach haten entzaubert; hir Hausmëttelcher hu lamentabel versot.

Am Joër 5 vun der Kris sinn d’Fra an de Mann vun der Strooss sech bewosst, datt een d’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert net mat verstëbste Rezepter aus dem 19. Jorhonnert an de Grëff kréie kann. Wa mer wellen eis Liewensqualitéit erhalen, muss sech eppes änneren.

4 Joër konstruktiv Oppositioun vunn eise 7 Lëtzeburerger Deputéierten an eisem Europaparlamentarier hunn derzou gefouert, datt d’Leit op eis duerkommen a staark un eise Vuën an Iddiën interesséiert sinn.

Eis fulminant Resultater bei de Gemengwahlen virun 2 Joër, an déi fläisseg a konkret Aarbecht fir d’Allgemengheet, déi eis Burgermeeschteren, Schäffen a Conseillers’en um Terrain leeschten, maachen déi gréng Kandidaten an déi gréng Iddiën credibel.

 ***

Ech denken, Dir all, 29 Kandidatinnen an 31 Kandidaten, kënnt durch Är eege sëlleche Kontakter, d’Opgeschlossenheet vun de Wieler fir eng Erneierung bestätegen.

Iwwerzeegt Männer a Fraën vun eise realistëschen gréngen Iddiën!
Stellt Iech de kritësche Froën vu Jonk an Al!
D’Leit waarden op konkret Virschléi fir Lëtzebuerg.
Mir gréng hunn déi.

Méi gréng, fir méi Verantwortung!

(Ried zum Ofschloss vum grénge Programm-Kongress den 14.9.2013)

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu D’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert kann een net mat de Rezepter aus dem 19. Jorhonnert meeschteren

  1. jerryfaber schreibt:

    … – „Ech wiele gréng, wann der mer verspriecht, keng Koalitioun mat der CSV ze maachen“

    Jo, ech hunn och emol misse schmunzelen.

    – „Monsieur, dat kann ech iech net verspriechen. Mir maache keng Koalitioun mat Persounen oder Parteien, mir leeën d’Parteiprogrammer niewteneen, an do wou am meeschten vun eise gréngen Virschléi kënnen ëmgesat ginn, do kënne mer eis eens ginn.
    Op Gemengen-Niveau si mer a Koalitiounen mat CSV, LSAP oder DP; awer och an Dräierkoalitiounen, déi gudd op Basis vum Koalitiounsaccord funktionnéieren, matt oder ouni CSV (an esouguer mam Här Wolter a mam Här Zeimet!).
    Knackpunkten um nationale Plang si bei eis, de Wëllen de Staatsapparat ze reforméieren, eis Gesellschaft ze moderniséieren a verantwortungsvoll mat Mënsch an Ëmwelt ëmzegoën.“

    Gutten Moien,
    Heescht dat dann, dat wann CSV eng Reih gréng Iddien a hirem Wahlprogramm huet, dat dir dann mam J.Junker & Co zesummen a Regierung wiellt goen?

    A nach eng Fro, wann mir schons dobei sin! Wat seet déi lëtzebuerger Gréng Partei zou hiren däitschen Kollegen, ewéi déi mat hirer donklen Vergangenheet ëmgin, wat hir demoleg Pädophilieideologie ugeet?

    Faber Jerry

    • ckmiotek schreibt:

      Et geet net mat e puer gréngen Iddiën bzw. engem grénge Mäntelchen duer, mee: „Knackpunkten um nationale Plang si bei eis, de Wëllen de Staatsapparat ze reforméieren, eis Gesellschaft ze moderniséieren a verantwortungsvoll mat Mënsch an Ëmwelt ëmzegoën.“
      Pedophilie ass a bleiwt (egal op gëscht oder haut) durch näischt ze justifizéieren, well et Gewalt géint e Kand ass an dodurch nach méi schlëmm well et géint e schwaache Mënsch geet.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s