Lëtzebuerg neess op d’Been stellen

Et si spannend Zäiten.

Als een, den nach esou just bewosst d’Zäit vu 1974 bis 1979 vunn der roud-bloer Koalitioun matkritt huet, muss ech soën, datt d’Zäiten politësch nach ni esou spannend waren wéi 2013.
Ech hat, éierlech gesot, och ni dru gegleewt, datt ech eng Kéier diirft materliewen, wéi ë Staatsminister séng Ministësch-Fotell virun d’Dir gesat kritt.
Woubäi: de Premier ofseeën an Neiwalen ofhalen, dat ass kee Selbstzweck, mee et ass en noutwennege Schrëtt an enger Situatioun, déi elo scho méi laang dauert, wéi just d’Affären Léiwéng-Wickréng, Cargolux-Quatar, Justizbehënnerung-Frieden a Spëtzeldëngscht-Juncker.

“Hu mer da soss keng Problemer?”
Am Réckbléck op 4 Joër CSV-LSAP-Koalitioun stelle mer fest, datt eist Land scho jorelaang am Stëllstand ass. E puer Reformen – egal wéi kritikabel se och sinn – hu just 2, 3 LSAP-Ministere färdegbruecht.
Dëst war nëmmen eng Koalitioun vunn der “arithmetëscher Vernonft” an net eng vunn den inhaltléchen Iwwerschneidungen.
Där Majoritéit, déi elo an d’Brëch goung, hu Visioune gefeelt, déi d’Zukunft gestalten.
Mee ween sech net an d’Zukunft projezéiert, mécht eigentlech guer keng Politik.

Elo, wou d’Schierbelen do leien, lafen “déi mam Premier” duerch d’Land wéi Hinger ouni Kapp a froën: “Hu mer da soss keng Problemer?”
Dach déi hu mer, an et sinn där Problemer, déi eben net kënne mam Scheckheft an der Hand a mat der Géisskaan iwwer d’Land geléist ginn.
1. : well nëmmen ultrakuurzfristëg respektiv an der gréisster Urgence oniwwerluegt agéiert gouw; ech nennen nëmmen dat neitst katastrophaalt Beispill: den 1. an den 2. Akt am Trauerspill “Boursen fir d’Unis-Studenten”;
2. : well keng Sue méi do sinn, well eis Finanzjongleuren Juncker a Frieden se all mat béide Gräpp ausginn hunn an et och emol an Zäiten vun 8 Prozent Wuesstum net fir néideg fonnt hunn, eng Mouk op d’Säit ze leeën.

D’Globaliséierung ass spéitstens t’lescht Woch och bei eis doheem ukomm
Et si spannend Zäiten.
A mir hunn nach vill méi Problemer wéi just Staatsverwaltungen, déi e perverst Eegeliewen entwéckelen a vu kengem op d’Plaz gesat ginn.

D’Koalitioun ass t’lescht Woch an d’Bréch gaang.
Meng Fra ass t’lescht Woch entlooss ginn.

Meng Fra ass no 9 Joër, ouni faute grave, ouni Sozialplang, ouni Grond, virun d’Dir gesat ginn. “Gëff déng Schlësselen an däi Badge of, du brauchs muer net méi erëm ze kommen, mer bezuelen der nach e Joër Paye”. Dat war et.
D’Anna huet virun 3 Méint séng 50 kritt, a fënnt wuel esou bal keng nei Plaz. Wee brauch schonn eng 50 Joër al Réceptionistin, déi schwedësch schwetzt?

Wuel net méi deen Här – de 5.-räichste Mann vunn der Welt – dem séng an Asien fabrizéiert Miwwelen mer 200 Meter hannert d’Lëtzeburger Grenz kafe ginn an dann selwer doheem opriichten. Wat hien interesséiert, sinn déi Steieren, déi en Dank engem Deal tëscht sénger Lëtzebuerger Finanzgesellschaft an dem Luc Frieden sénger Steierverwaltung NET bezillt.
An elo kann en eng 50-Joër al deier Receptionistin ersetzen, duerch eng bëlleg Universitäire, déi nach zum groussen Deel vunn der ADEM subventionnéiert gëtt. De Benefice, deen a karibësch Steierparadäiser fléisst, wärt wuel och dëst Joër erëm ëm 10% klammen.

Eis Welt ass en Duerf, a spéitstens t’lescht Woch ass d’Globaliséierung och bei eis doheem ukomm.

Dat éischt wat ech zum Anna sot, war: “Maach der keng Suergen, mir ginn och esou finanziell eens.”
Den Dag drop hunn ech geduecht, wéi dat da wär, als Fra eléng, mat Kand oder gescheed.
Ech hu mech gefrot, wéi dat da wär, wann 2 Mindestléin am Stot wären, a massiv Schold op der Wunnéng, an 1 Mindestloun géiw elo ewechfalen.

T’lescht Woch ass eng Koalitioun an d’Bréch gaang.
Wéivill Fraën a Männer sinn t’lescht Woch hei zu Lëtzebuerg entlooss ginn?
Dat ass ee vunn de reelle Problemer vum Land.

An awer bleiwen ech dervunn iwwerzeegt, datt een doniewt net därf vergiessen, dat demokratëscht Fëllement vu Lëtzebuerg ze schützen an ze verbesseren.

Do ass de Wuerm dran
Et ass dass esou, datt eist Lëtzebuerger Fundament muedebëtzeg ass, datt mer eng 150 Joër al Constitutioun hunn, déi op esou munches keng Äntwert weess; iwwregens och net op déi Fro vunn den Neiwalen.

Mee virun allem sinn gewësse Leit hir Gewunnéchten (déi de Premier jo nach a sénger 2-Stonne-Ried leschte Mëttwoch daper verdeedegt huet) vunn “Eng Hand wäscht déi aner” bis “Hues de keng gudd Plaz fir mëch?” enger moderner Demokratie, enger Demokratie iwwerhaapt, onwiirdeg.

Net nëmmen datt den Här Juncker, dee mer jo awer soss als Staatsmann kennen, d’Koséngswirtschaft ewell als eppes ganz Normales duerstellt.
Iwwerrascht huet mech och, datt den zukünftegen Ex-Premier, den dach soss ferventen Europäer Juncker, deen emol eng Kéier säi politëscht Schicksal mam Europa-Referendum verknëppt hat, op eemol um CSV-Kongress euroskeptësch Téin späitzt.

Vum ongerechten gedeckelten Index
Iwwerraschend ass och dem Här Juncker säin neien Dada, de gedeckelten Index.
Elo op eemol, no 30 Joër an der Regiirung, stellt den Här Juncker fest: “Wann déi Kleng 40 Euro Indexerhéijung kréien, dann ass et ongerecht datt déi Déck der 400 kréien.”
– Vergiesse mer mol ee Moment, datt de gedeckelten Index mathematësch a praktësch guer net duerchzeféieren ass.
– Blende mer ee Moment aus, datt de gedeckelten Index alt erëm eng Kéier d’Mëttelschicht trëfft, déi scho bei der Steiertabell schlecht ewech kënnt.
Wa mer hannert dat populistëscht Gedöns kucken, ëm wat geet et dann?
Hei gëtt am léiwe Mäntelchen vun der soi-disant “Gerechtegkeet” a Wiirklechkeet déi knallhaart Ofschaafung vum Indexmechanismus agelaut. Punkt. Hei gëtt e Kado fir d’Banken preparéiert, e Kado fir déiselwecht Banken, déi eis jo awer mat hirer Gurmangzegkeet an dës Kris gefouert hunn.
Déi Betriiber, an denen d’Lounkäschten am meeschten zu Buch schloën wéi z.B. Handwierk, Gastronomie, Industri a Bau hu vunn engem gedeckelten Index rose wéineg, well se vill Leit mat niddrege Payen beschäftegen.
Wéi gesot, e Kado un de Finanzsecteur, e Kado un déi, di et am mannsten néideg hunn.
Alt erëm eng Moossnam, déi op Käschte vunn de schaffende Leit geet an déi ongeschuer léisst, di Kapitalakommes an Akommes vu Loyer hunn.

Mam gedeckelten Index weist den Här Juncker säi richtegt Gesiicht, a wann CSV dat an hire Walprogramm schreiwt, ka se direkt och den “S” aus hirem Numm sträichen.

Eist Haus raumen a lëften
Esou hallef gebaken Iddiën dréien manifestement de gesonde Mënscheverstand op d’Kopp.
Deemno geet et an den nexte 5 Joër drëms, erëm Buedem ënnert d’Féiss ze kréien. Lëtzebuerg neess op d’Been ze stellen.

Mir wëlle bleiwe wat mer sinn!
Jo, mir wëlle bleiwe wat mer sinn, mir wëllen Fraën a Männer bleiwen, déi – wéi an der Vergaangenheet eis Elteren a Grousselteren – capabel sinn, eis bei neien Challengen innovativ unzepassen.
Mee wa mer wëlle bleiwe wat mer sinn, musse mer eis an eist Ländchen erneieren.
Als éischt sollte mer elo mol ganz séier eist Haus raumen a lëften.
An dann direkt mat frëschem Elan un di global an national Erausfuerderungen eru goën.

Do matbestëmmen, wou d’Zopp gekacht gëtt
Fir t’éischt musse mer d’Leit vunn eisem Programm iwwerzeegen. An de Walen den 20. Oktober geet et virun allëm drëm, gréng esou ze stärken, datt kee laanscht eis kënnt.

Bis elo waren d’Leit wéi et schéngt ganz zefridden mat der Oppositiounsroll déi di gréng Deputéiert quasi als Korrektiv vun der Majoritéit gespillt hunn.
Elo, wou déi Majoritéit aus gudde Grënn zesummegekraacht ass, ass et wichteg, datt mir gréng do matbestëmmen, wou d’Zopp gekacht gëtt an net nëmmen heiandsdo e Pefferkär bäiginn, wann déi aner eis da loossen.
Datt mir gréng kapabel sinn, hu mer iwwerall do gewisen wou gréng Buurgermeeschteren a Schäffen an der Verantwortung stinn – an dat si jo net déi mannste Gemengen.
A propos: mir koaléieren net wéinst dem Numm vunn enger Partei oder der schéiner Nues vunn enger Persoun, mee mir handelen e Koalitiounsaccord aus op Basis vun eisem Programm, an dee fousst op eise gréngen Iwwerzeegungen.

Dee Moment, wou et genuch inhaltlech Iwwerschneidunge gëtt tëschent Parteiprogrammer, ass fir eis e Koalitiounsaccord méiglech. Vill gemeinsam Inhalter – an net nëmmen eng Additioun vunn de jeweilegë Sëtz – féieren zu enger stabiler Majoritéit … a bréngen eist Land weider.

Déiselwecht Leit, déi sech keng Koalitioun ouni CSV kënne virstellen, hu wuel och Problemer sech eng Dräier-Koalitioun auszemolen. Dozou muss ech soën: mir gréng hu vill méi Fantasie, siew et matt oder ouni CSV.
Iwwregens: zu Conter huet d’Dräierkoalitioun mat grénger Bedeelegung schonn e Buergermeeschterwiessel iwwerstaanen an zu Kärjeng bréngt d’Dräierkoalitioun mat grénger Bedeelegung et färdeg, fair an op Basis vum Koalitiounsaccord mam Michel Wolter ze regéieren.
Mir gréng si prett, fir och national eng Hand mat unzepaken!

Lëtzebuerg nei opstellen
All zesummen musse mer Lëtzebuerg op d’Been stellen, gudd opstellen, nei opstellen.

Déi ekonomësch Erausfuerderunge si grouss an d’Léisung kann net aus dem Muergeland erbäigezaubert ginn. Aarbechtsplazen schaafen d’Betriiber vunn hei, déi Clients’en vun hei an aus der Groussregioun hunn. E Mëttelstand an en Handwierk déi gudd a kreativ funktionnéieren, sinn net op Sand gebaut, mee sti mat zwee Féiss an der Real-Economie a bidden dofir sécher Aarbechtsplazen. Un eis, se dobäi ze ënnerstëtzen durch gudd ausgebilde Leit, durch Fuerschung déi d’Betriiber up-to-date hällt an durch Investitiounshëllefen fir déi nattirlech Ressourcen spuersam ze notzen.

Mer mussen awer och derfir suergen, datt mer keen um Bord stoë loossen. Mat eis gréngen gi sécherlech di sozial Leeschtungen hei an do ugepasst, fir datt d’Hëllefen an d’Ennerstëtzung bei denen ukommen, déi se wiirklech brauchen. Mee mir gréng gi mat kengem an d’Regiirung, den wëlles hätt, Lächer an eist sozialt Netz ze schneiden.

Politësch Erneierung, gréng Economie a sozialen Ausgläich, dat sinn déi dräi Masten vum Schëff Lëtzebuerg, déi och op engem stiirmësche Weltmier derfir suergen, datt mer de Norden net verléieren an datt keen aus dem Boot fällt.
Bei de Gemengewalen 2011 hu mer all zesummen e wonnerbare Score gemeet an déi politësch Landkaart staark gréng getëppelt.
Elo ass de Moment do, all zesummen – ob Kandidat oder net – derfir ze suergen, datt d’ganzt Land 2013 Gréngs gelëscht.

(Ried um ausseruerdentléche grénge Kongress 16. Juli 2013)

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Soziales, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s