Wëlkomm um 30. Gebuurtsdag vun der Lëtzeburger grénger Partei.
Méng Kollegin Sam Tanson an ech ginn an eise Beiträg kuurz drop ann, firwat dës Partei virun 30 Joër wichteg war, firwat se haut wichteg ass, awer och firwat se – wahrscheinlech – och an 30 Joër nach wichteg si werd.
A well ech d’Gnod vunn der méi fréier Gebuurt hunn, därf ech dann de Réckbléck maachen, woubäi – do muss ech Iech direkt warnen – et jo esou ass, datt mam Alter dem Mënsch séng Fähegkeet kloër ze gesinn, net onbedéngt zouhëllt.
30 Joër si jo keng laang Zäit, wann een an denen Zäitraim miesst, wou normalerlerweis di grouss Iddiën, wéi zum Beispill d’Mënscherechter oder och d’Walrecht fir jiddereen, sech lues a lues an ëmmer méi Gesellschaften a Länner duurchsetzen. 30 Joër, dat ass just en Zéngtel vun där Zäit, vunn denen 300 Joër wou et schonns de Begrëff “Nohaltegkeet” gëtt: “Huel net méi Holz aus dem Bësch, wéi ës nowiisst!”
Mee dës lescht 30 Joër sinn déi, wou – selbstverständléech mat ganz villen aneren Mënschen an Organisatiounen, Virdenker a Matkämpfer – och dës Partei hire Bäitrag geleescht huet, fir de Begrëff Nohaltegkeet vill méi wäit unzewenden wéi just op d’Bewirtschaften vun de Bëscher.
Dofir war dës Partei ëmmer méi wéi just eng Ee-Punkt-Partei fir den Naturschutz.
Nohaltgekeet ass ewell genee esou e globaliséiert Konzept, wéi eis Welt globaliséiert ass.
Siew der bewosst: Däin Handelen – an iwwregens och däin Näischtmaachen -, däin Handelen huet Konsequenzen; net nëmmen fir dëch, ma och fir anerer; net nëmmen hei, ma och an aneren Deeler vunn der Welt;
net nëmmen haut, ma och an Zukunft.
Déi Ziiler a Virgehensweisen, déi sech d’Mammen a Pappen vun der grénger Partei um Lëtzebuerger Nationalfeierdag den 23. Juni 1983 op de Fändel geschriwwen hunn, sinn nohaltëger: ökologësch, sozial, basisdemokratësch, a gewaltfräi. Domadder ginn se en neien, en 3. Wee.
D’Welt vunn 1983 ass gedeelt, a Gudd an a Béis, an et ass just eng Fro vum politësche Standpunkt, ween dann elo zu de Gudden oder de Béisen zielt: d’Kommunisten an d’Sozialisten oder déi Liberal an d’Kapitalisten. Dobäi gëtt iwwregens bal iwwersinn, datt och an de südléchen Deeler vun eiser Welt Mënsche liewen, méi schlecht wéi recht.
1983 schéngt et, wéi wann d’Geschicht sech géiw ëmmer erëm widderhuelen, awer ëmmer nëmmen am Sträit – oft och Krich, leider net nëmme kale Krich – vun den zwéin ökonomësche Modeller:
engersäits déi geplangten Staats-Economie, déi soll Wuelstand fir Jiddereen bréngen;
anerersäits déi onsichtbar Hand vum fräie Maart, déi et scho wärt riichten.
Et gouw déi Zäit dës sarkastësch Boutade: “Wat ass de Kapitalismus? – D’Ausbeutung vum Mënsch duerch de Mënsch. – An de Kommunismus? – De Géigendeel.”
Wéi och ëmmer een dat bewerte wëll, Tatsaach ass: béid Systemer beuten d’Mënschen an der südlécher Hemisphär aus; Tatsach ass, béid Systemer ginn ouni iirgend wellech Récksiicht mat den natiirleche Ressourcen ëm.
Mat der Grënnung vu grénge Parteien an enger Rei europäësche Länner ronderëm dat Joër 1983, gëtt politësch en neien, en 3. Wee opgemeet. Et geet drëm (ech zitéieren aus dem Grënnungsopruff:) “eng Alternative ze bidden fir Wirtschaft, Politik a Gesellschaft”.
An et geet ëm eng “Neigestaltung vunn eiser Liewesweis op ökologëscher Grondlag”.
Eppes ass sécher: eleng scho formal, vum Look hier, ass frësche Wand an d’verstëbste Lëtzebuerg komm; … nee mee kuckt Iech emol déi al Fotoën a Filmécher unn: Schnurrëssen a Bärt, Schlabberlook a wäit a breet keen Tailleur a keng Krawatt!
Dee frësche Wand wiirbëlt net nëmmen vill Stëbs op, e rësëlt och un de Fënsteren an Diren.
Och methodësch geet dës Partei, där keng Gewerkschaft a kee Presseorgan zur Säit steet, anëscht vir: do mussen Parlaments-Trapen besat ginn an et muss mat engem Pirateradio aus der Chamber gesend ginn.
Sécher, dat war de jugendléchen “Sturm und Drang”, an dee war nach Ursaach fir ganz aner Aktiounen.
Stonnelaang, méintelaang Streidereien tëscht dem wat eis däitsch gréng Frënn “Realoën” a “Fundiën” nennen, bis hinn zum Splécken vunn der Partei.
An dann awer erëm en Zesummefannen an Eenegkeet am Déngscht vunn der grénger Saach.
Ech denken, d’Tatsaach, datt virunn zwee Joër eisen éischten gréngen Deputéierten a Pensioun goung, weist, datt dës Partei ewell erwuessen ass.
Laang Joëren kruten “déi gréng” virgehal, nëmmen eng Anti-Partei ze sinn, déi just géint eppes ass, net awer fir eppes antrëtt. Sécher: eis Origine läit ganz kloër an der Lëtzebuerger Anti-Atom-Bewegung, ma doranner läit jo schonn de Kär fir aner, nei, dezentral, alternativ Energieën. Ma ech denken, datt mer nach munnëch aner Wuerzelen hunn: Friddensbewegung, Kooperatioun mat der 3. Welt, Lënkskatholizismus, Feminismus … . A virun allëm: mir sti lénks. Lénks vunn der Mëtt.
Jo, ët ass wouër, mir si well an d’Mëtt geréckelt, anëscht wären eis gudd Walresultater jo och net ze verstoën: 16% bei den Europawalen, 20 bis iwwer 30% a munchë Gemengen.
Hu mer dofir eis Iwwerzeegungen missen iwwer Bord geheien? Si mer nach ökologësch, sozial, basisdemokratësch, gewaltfräi? Politikcheck.
Mir hate virun 30 Joër eng absolut pazifistësch Positioun zur staatlëcher Gewalt; mëttlerweil ass déi zu enger realpolitischer humanistëscher Approche evoluéiert.
Basisdemokratësch sinn a bleiwe mer. Et gesäit een et dorunn, datt mer keng Delegéierten op eis Kongresser schécken, ma all eenzele Mëmber do wëllkomm ass. Et gesäit een et och dorunner, datt all Mëmber zu all Ament un all Sëtzung vun engem Parteigremium kann deelhuelen; ganz konkret geschitt dat am Moment beim Ausschaffen vun eisem 2014er Walprogramm. Ausserdem ass och eist ganz Antrieden fir Transparenz an der Politik – Stéchwierder: Besetzung vum Staatsrot, Veröffentléchung vu Kommissiounsrapports’en; Verhalenskodex fir Mandatären – lauter Zeeche vu Basisdemokratie.
Mir si sozial: Eisen Nohaltegkeets-Credo, eis humanistësch Grondlag, eis Iwwerzeegung dass Mënschen gläich Rechter a Pflichten hunn, féiert bei eis Gréngen zu engem grousse Sënn fir Ongerechtegkeet, an deemno zu engem heftegen Drang, iwwer Sozialpolitik am wäiteste Sënn en Ausgläich a Richtung Gerechtegkeet ze schafen.
Ökologie ass a bleiwt eise Markekär, ma eist Verständnis dovunner strahlt mëttlerweil ganz staark aus op vill aner Politikberäicher. Kee Wonner, ass Ökologie dach d’Verständnis vunn eiser Ëmwelt. An Ëmwelt, dat ass eben net nëmmen eis Natur an eis Ressourcen hei an elo, et ass och dat Sozialt an d’Mënschen, net nëmmen hei an elo, et ass deemno doriwwer eraus och d’Noutwendegkeet Ökologie an Ökonomie nei – oder erëm almoudësch – , jiddefalls anëscht an innovativ, mateenen ze verknëppen.
Eben esou wéi t’ Dafpätteren an t’Dafgiedelen vun der grénger Partei et 1983 formuléiert haten: Et geet ëm d’“Neigestaltung vunn eiser Liewesweis op enger ökologëscher Grondlag”.