Eis nei Matbiirger: d’Flüchtlingen

Mir si prinzipiell fir d’Opnahm vun Flüchtlingen / Leit déi Asyl froën. An zwar aus evidenten mënschlëchen Grënn, an dofir muss dat och am Respekt vun de Mënscherechter, de Kannerrechter an der Dignitéit vun de Persounen geschéien.

 Lokal Léisung fir eng national Aufgab

 Et ass eng national Fro, well Lëtzebuerg sech international verpflicht huet. Dës Fro muss an nationaler Solidaritéit lokal ëmgesat a geléist ginn.

Mir hunn am Gemengewalkampf am Oktober 2011 kloër Positioun bezunn a fir de Schwäizer Modell plädéiert, d.h. “demandeurs de protection internationale” am Prorata vun der Awunnerzuel op d’Gemengen vum Land ze verdeelen.

Deemno war et logësch, wéi d’Familjeministësch an de SYVICOL den 1. Februar 2012 an engem gemeinsamen Bréiw d’Gemengen opgefuerdert hunn, Wunnraum fir “demandeurs de protection internationale” an hirer Gemeng ze identifizéieren, datt mer dëse Punkt op den Ordre du Jour vum Gemengerot gesat hunn an och direkt an enger Motioun ganz konkret Schrëtt vum Schäfferot gefuerdert hunn. Ganz positiv am Sënn vun enger solidarëscher a mënschlëcher Politik hu mer erliewt, datt de ganze Gemengerot eestëmmeg de 17. Februar 2012 dës Motioun ugeholl huet.

Vox Populi …

Traureg an enttäuscht si mer awer iwwert d’Art a Weis an d’Resultat, wéi dës Fro sech ewell entwéckelt huet.

  • Mir sinn traureg, datt et Leit an eiser Gemeinschaft gëtt, déi alt erëm – wéi och bei aneren däregen Dossiers’en – déi typësch NIMBY-Mentalitéit erauskéieren: “not in my backyard”, fräi iwwersat: “net a méngem Viirgärtchen”. “Rien contre les réfugiés, mais pas sur ce site” konnt een op enger anonymer Pancarte hei vis-à-vis liesen; … setzt esou vill Flüchtlingen wéi der wëllt an d’Weilerbaach, ma nëmmen net op Lënster …
  • Mir sin traureg, datt et an eiser Gemeinschaft Leit gëtt, déi aus der d’Léisung vun engem sozialen Problem – nämlech dem Logement vu Mënschen, déi eis Ënnerstëtzung brauchen – e ganz neien, vill méi groussen soziale Problem konstruéieren – nämlech d’Zeréckweisung, de Rejet vun dëse Mënschen aus eiser Communautéit.
  • Mir si virun allem entsat doriwwer, datt et Leit an eiser Gemeinschaft gëtt, déi ganz ondifferenzéiert a pauschal, clichéhaft an ofwertend, hir déiwsten Ressentiments’en géint all déi Mënschen déi anëscht sinn erausloossen.
  • Mir sinn entsat doriwwer, datt behaapt gëtt, datt eleng d’Präsenz vu Leit, déi anescht sinn, déi eng aner Nationalitéit, eng aner Kultur, vläit eng aner Hautfaarw oder Relioun hunn, Leit déi fortgelaf sinn viru Krich, Verfolgung a Misär, zu soziale Problemer féiere géiw.
  • Mir fanne keng Wieder fir de verdaamen, datt Mënschen aus der Friemt, an zwar grad där, déi bei eis Hëllef froën, an engem Otemzuch genannt ginn  mat, a schonns am viraus verantwortlëch gemeet ginn fir: Verschmotzung, Drogenhandel, Klauen, jo esouguer Gewaltkriminalitéit (also Mord an Doudschlag). Absurd! Mat esou Aussoën disqualifizéieren déi di se maachen séch selwer.

… mee och Mënschen mat engem klore Bléck

Mir sinn awer och frou an houfreg driwwer, datt et och aner Stëmmen an onser Kommunautéit gëtt.

  • Mir si frou, datt Leit opstinn, a soën: Stopp, dat do geet ze wäit!
  • Mir si frou, datt Leit aus eiser Mëtt mat Verstand déi irrational Gefiller widderleeën.
  • Mir freeën eis iwwer Elteren, déi hire Kanner eben net den Ubléck vu Mënschen déi anëscht sinn erspuere wëllen, mee hinnen am Konträr erklären, wou déi Leit hirkommen, firwat se heihi komm sinn an ënner watfirenge Konditiounen se et hei aushale mussen.
  • Mir sinn houfreg, datt an eiser Gemeinschaft Leit bereet sinn, deen anere Wee ze goën, net deen vum Nee, mee deen vum Jo; net deen vum Rejet, ma deen vum Unhuelen; net dee vun de Viruurteeler ma deen vum Op-d’Leit-Duergoën.
  • All Respekt fir déi Leit déi sech net verschléissen; Bravo fir dës Mënschen aus eiser Mëtt, déi sech fir aner Mënschen opmaachen mat Matgefill, Wärmt a Solidaritéit. Eis Gemeng muss dës Leit onbedéngt dobäi ënnerstëtzen an dofir suergen, datt der nach méi dobäi matmaachen.

Intransparenz féiert zu Intoleranz

Awer firwat si mer dann iwwerhaapt elo an esou enger Situatioun? Firwat huet missen eng Géigebewegung entstoën, géint déi Friemefeindlechkeet, déi elo ausgebrach ass? Wéi ass et derzou komm, datt e puer Leit hir irrational Gefiller géintiwwer den Flüchtlingen konnten un aner Awunner weidergin?

Diffus Ängschten, Onwëssen, Mangel un Transparenz, dat sinn d’Erklärungen fir dee Phenomen, dee mer an de leschte Wochen zu Jonglënster erliewen. D’Ängschten sinn an de Leit dran, Ängschten fir séch selwer, fir hier Kanner, an dat muss een Eescht huelen. A wéi kënnt ee géint d’Ängschten un? Ma mat Wëssen, mat Informatioun, mat Transparenz!

Kruten eis Matbierger Informatioun? Nee!

Goufen se vun de Gemengeverantwortlëchen op den aktuellen Wëssenstand bruecht? Nee!

Ass d’Gemeng transparent viirgaang? Nee!

Dräimol Nee!

D’Asylantefro ass eng eminent politësch Fro

Verschidde Leit soten eis, dë Sujet vum Ënnerbréngen vun de Flüchtlingen wär esou e wichtegt Thema, datt een et net politiséieren diirft. Mir sinn am Konträr der Meenung: grad well et esou e wichtege Sujet ass, muss een deen politësch ugoën.

An da muss ee klipp a kloër dat heite soën: obschons de Schäfferot gewarnt war (liest emol d’Deliberatioun vum 17. Februar no!), huet e versot; obschons de Schäfferot gesot kritt huet wat ze maache wär (jo, liest emol d’Deliberatioun vum 17. Februar genau no!), huet en näischt ënnerholl.

Wat seet dann d’Deliberatioun vum Gemengerot vum 17. Februar 2012, déi als gréng Motioun op den Dësch koum an eestëmmeg ugeholl gouw? Se warnt implizit virun deem Schlamassel an deem mer elo stiechen a seet zum Schäfferot:

  • Gidd schon am Viirfeld aktiv! Wat mécht de Schäfferot? Näischt!
  • Sicht de Kontakt mat de Leit, lokalen Akteuren, Gruppen, Veräiner! Wat mécht de Schäfferot? Näischt!
  • Preparéiert den Terrain, schwetzt mat de Leit, bannt d’Bierger mat an! Wat mécht de Schäfferot? Näischt!
  • Kommunikéiert mat der Bevölkerung! A wat mécht de Schäfferot? Näischt!
  • Sicht e puer Plazen, bréngt net all Flüchtlingen op eng Plaz, ma verdeelt se, domat gidd der méigleche Problemer aus dem Wee; a wat huet de Schäfferot gemeet? … Eh bien, … mer wëssen et net!

Ignoranz zillt däischter Ängschten

Net-Wëssen ass de Géigendeel vu Wëssen, Net-Wëssen ass de Géigendeel vun Informatioun, Net-Wëssen ass de Géigendeel vun Transparenz. Net-Wëssen ass dat, wat zu Angscht féiert.

D’Intransparenz vum Schäfferot, d’Onwëssen an deem de Schäfferot d’Leit gelooss huet, déi hunn de Buedem preparéiert, op deem d’Ängschten vun verschiddene vun eise Matbierger konnte wuessen.

Wéi grouss an irrational déi Ängschten vu verschiddene Leit sinn, weist sech net nëmmen an hiren absurden Argumenter, ma och dorun, datt sie dovunner iwwerzeegt sinn, d’Baugenehmegung wär mat purer Absicht an der Vakanzenzäit ausgestallt ginn.

Politësche Courage weisen

D’politësch Kalitéit vun engem Schäfferot miesst sech net dorunner, wéivill oder wéi elegant Bännercher durchgeschnidde ginn, mee dorunner, op wéi eng Art a Weis och onpopulär Moossnahmen duurchgefouert ginn a Krisemomenter bewältegt ginn.

Et geet net duer, an de Medien ze behaapten, d’Populatioun wär informéiert gewiecht (Télécran 37/2012: ”die Bürgermeisterin (…) verweist auf die rechtzeitige Information an die Bürger”). E Panneau fir eng Baugenehmegung opzestellen ass zwar formal genuch, de facto geet dat awer niemols duer, wann e Projet esou Ängschten provozéiert, wat jo virausgesi gouw. Datt de Schäfferot, nodeem de Widderstand bis do war, Enn August en Ziedel (zesummen mat aneren Informatiounsblieder) verdeele léisst, an deem un de gesonde Mënscheverstand appelléiert gëtt, ass zwar richteg, ma gräift vill ze kuerz wann een den Enjeu bedenkt. E puer sozial engagéiert Biirger hun eenzel scho vill méi séier reagéiert a vill méi ënnerholl an hunn nach vill méi wëlles, wéi de Schäfferot, deen dach de ganzen Gemengenapparat hannert sech huet.

Alles, fir dat de Schäfferot d’Verantwortung dréit, bleiwt weider intransparent an am klenge Krees. Heizou e ganz opschlussräicht Beispill:

Wéi esou munnéch Matbierger, sinn och ech mer d’Baugenehmegung fir de Container-Projet op d’Gemeng ukucke gaang. Ech krut just 3 Blieder gewisen: dat waren Zeechnungen vun de 4 Fassaden an e Lageplang, net méi. Op meng Fro, de Kadasterplang, den Demandendossier an d’Genehmegung ze gesinn, krut ech gesot et wär Usus, nëmmen dat ze weisen, wat ech gewise krut. Äddi a Merci.

Dat ass intransparent. Esou geet een net mat mëndege Bierger ëm. Da brauch een sech net ze wonnerën, datt d’Leit Fantasmen an Ängschten entwéckelen, datt d’Bierger ës sat mat der Politik hunn an de Politiker näischt méi gleewen.

D’Gemeng ass net der Regirung hiren Dinger

Madamm Buurgermeeschtësch,

Dir sidd eis Buurgermeeschtësch, Dir féiert dëse Schäfferot an dës Gemeng.

Et ass net den Immigratiounsminister Nicolas Schmit an och net d’Familjeministësch Marie-Josée Jacobs, mee Dir sidd Responsabel fir dat wat an der Gemeng Jonglënster geschitt. Dir kritt op der Strooss Schnësse geschnidden wann d’Leit net mat Iech d’accord sinn, Dir gitt hei gewielt oder och net, Dir hutt (wéi mir och) déi friemefeindlech Ziedelen an der Boîte. Net d’Madame Jacobs zu Maarnéch an net den Här Schmit zu Bärdrëf.

Abee, dann huelt hei Är Entscheedungen am Sënn vun der Gemeng an hire Mënschen a loost Iech net virun de Won vun enger dubiéiser nationaler Flüchtlingspolitik spaanen. Loost Iech net instrumentaliséieren fir Ziiler, déi net Är an net déi vun de Lënster Leit sinn.

Fir human Liewesbedingungen …

Déi Deliberatioun, déi Dir Madamm Buurgermeeschtësch, déi Är Kollegen aus dem Schäfferot an déi mir all hei ronderëm den Dësch de 17. Februar gestëmmt hunn, gesäit vir, d’Flüchtlingen a klengen Unitéiten an eisen Uertschaften ënnerzebréngen, an zwar esou, datt se kënnen vun der Bevölkerung enkadréiert an akzeptéiert ginn. Dat heescht, datt déi Mënschen, datt hir Kanner, kënnen human an integréiert tëscht eis a mat eis liewen.

Déi Baugenehmegung ower, déi Dir, Madamm Buurgermeeschtësch, amgaang sidd auszestellen, mécht genau de Géigendeel.

Se knätscht Mënschen beieneen an openeen, wat kann zu massiven zwëschemënschleche Reiwereien féieren.

Är Baugenehmegung quëtscht Mënschen hanner Drot ënner Opsiicht vu Leit an Uniform.

Är Genehmegung féiert derzou, datt d’Kanner – grad och nach déi Schwaachst, grad d’Kanner! – op derselwechter Plaz Schoul gehale kréien wou se wunnen.

… a fir Integratioun

Madamm Buurgermeeschtësch,

wann der konsequent sidd, da léist Der eis kommunal integratiounskommissioun op an Dir kënnegt de Pacte d’Integration, deen Der viru 6 Wochen feierlëch mat der ASTI an dem Familjeministär ënnerschriwwen hutt. Well wann d’Kanner – déi jo näischt an d’Schold sinn – net diirfen mat denen anere Kanner an d’Schoul goën, net kënnen iwwer dee Wee Frëndschaften knëppen, dowéinst net aus dem Container erauskommen, da brauch hei an dëser Gemeng ni méi iirgendeen dat Wuert Integratioun an de Mond ze huelen.

Wann hei zu Jonglënster esou eng Politik gemeet gëtt: Integratioun just fir déi räich, déi europäësch Auslänner, déi aner Auslänner awer hannert den Drot a Containere gepercht, da brauch een sech net ze wonneren, datt friemefeindlech Petitiounen voller Viruurteler mat zwou Hänn ënnerschriwwe ginn.

All Awunner zesummen

Mir bleiwen derbäi: egal aus watfirenge Grënn Mënschen bei eis kommen: se si Mënschen a musse wéi Mënschen behandelt ginn. Mir wëllen mënschlech Wunnkonditiounen och fir Flüchtlingen, mir wëllen, datt all Kanner an déiselwecht Schoul ginn, mir wëllen géigesäiteg Ängschten a Viiruurteler ofbauen.

Mir wëllen d’Integratioun vun alle Mënschen, ob se elo eng Behënnerung hun, oder eng aner Kultur oder Hautfaarw, oder eben an hirer Heemëcht fortgelaf sinn.

Mir wëllen awer och eng transparent a partizipativ Gemeng, an där déi Gemengeverantwortlëch hiirt Wëssen mat de Biirger deelen an op den Know-How vun eise Matbierger setzen. Eng Gemeng, déi d’Leit detailléiert informéiert an a wichteg Entscheedungen mat abënnt.

(Dës Ried gouw gehalen de 14.9.2012 am Gemengerot zu Jonglënster vum Christian KMIOTEK a refletéiert d’Positioun vun déi gréng Jonglënster zum Containerbau fir Réfugiés / Demandeurs d’asile)

 

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Antworten zu Eis nei Matbiirger: d’Flüchtlingen

    • Jeff schreibt:

      Hun mer dann net schon genuch Auslänner? Tonnen flüchtlingen opzehulen ass net d’leisung.

      • ckmiotek schreibt:

        Moien,
        ech proposéieren, Dir sollt emol méng Argumenter nach eng Kéier a Rou noliesen. Meng Elteren a Grousselteren waren och frou wéi se 1940 am Frankräich als Flüchlingen an der Bourgogne ënner daach koumen. An se waren net déi eenzeg … Mer sollten ni vergiessen, wéi séier een an esou eng Situatioun komme kann!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s