De Gemengewalkampf ass geschloën, a vill Schäfferéit oofgemeet. Ee wichtege Punkt därf awer a kengem Koalitiounsoofkommes feelen, an dat wär deen iwwer d’Transparenz a géint d’Insider-Geschäfter. Transparenz ass net eng eidel Phrase, mä eng ganz wichteg Attitüde, wann et ëm déi öffentléch Affäre geet. Affären, hei wuelverstan am noble Sënn vum Wuert.
Am Gemengewalkampf goufen an enger Rei Gemengen, wéi Sandweiler, Dippéch, Réiser, … ganz aner Affären, nämlech där privater, där wou eng Hand déi aner wäscht, där Geld- a Grondstécksaffären un d’Dagesliicht gespullt. Elo, wou d’Walen gelaf sin, sollten déi nei Schäffen- a Gemengeréit mat rouegem Kapp dru goën, sech selwer Regelen ze gin, wéi se als Insider d’Interessen vun der Communautéit, där se dingen, iwert hir Partikularinteressen stellen.
Sécher: et gëtt scho Paragrafen am Code Civil, ma déi sin op déi ganz schlëmm Fäll gemënzt. A wat am Gemengegesetz steet, nämléch datt een, deen Privatinteressiën huet, net dierf un Entscheedungen deelhuelen, geet net wäit genuch, well dat jo just quasi d’Oofstëmmung selwer am Schäffen- a Gemengerot betrëfft, net awer dat alles, wat eng Persoun mat Insider-Wëssen am Viirfeld bewege kann.
Mir brauchen an de Gemengen eng Regel géint d’Ausnotzen vum Insider-Wëssen zum privaten Virdeel. Déi Regel muss gëllen fir d’Buurgermeeschteren, d’Schäffen, an d’Gemengeréit, déi berodend Gemengekommissiounen, d’Personal an all déi, di der Geméng zouschaffen wéi zum Beispill Ingénieurs- an Architektebüroën. Esou eng Regel gëtt et jo schon an de Banken an an alle Betriiber, déi op der Bourse notéiert sin, fir datt do keen sech e materielle Viirsprong eleng durch säi Wëssen verschaaft. Emsou méi misst dës Regel gëllen, wann et ëm öffentlech Gelder a Gidder geet an drëms, déi vum Privaten ze trennen.
En attendant, datt all déi, di en Duebelmandat am Schäfferot an an der Chamber hun, e Gesetz stëmmen fir den „délit d’initié“ op d’Politik auszewäiten, sollt all Gemengerot sech e „code de déontologie“ gin: fir Transparenz a géint d’Benotzen vun Insider-Wëssen.