Et goung elo durch d’Medien, datt d’Foireshalen um Kiirchbierg solle geréckelt gin. Dat gëtt bestëmmt deier, well Ausstellungshalen an déi ee mam Camion erfure kann, op engem ëeneriirdéche Parking, sin eng besonnéch Ufuerderung un d’Statik. An der Press stoung och, eng Gare kéim dohin fir Bus an Tram, vläit och fir den Zuch. Dat kléngt jo awer net no Masterplang oder Gesamtkonzept, besonnéch wann een elo emol ufänkt mat Bauen, obschons den Tram nach guer net decidéiert ass. Iwregens: leider ass deen Tram nach net op de Schinnen, well wa bis d’Nordautobunn färdeg ass, da geet mam Autosverkéier um ganze Kiirchbierg guer näischt méi.
Wann een séch dann d’Zeechnung ukuckt, wéi dat Ganzt emol eng Kéier soll ausgesin, da kann een sech nure wonnerën: iirgendwéi huet de Kino eng aner Form kritt an en ass e bëssen op d’Säit geréckelt. Kéint dat sinn, well den Tram soss net d’Kéier laanscht de Supermarché kritt? Kann dat sin, datt esou geplangt gëtt? Kéint dat sinn, datt esou derniewt geplangt gouw a gëtt, datt en Deel vum Kino oofgerappt an nei opgeriicht muss gin?
A wéisou weess een nach net, op just den Tram oder awer och nach den Zuch um Kiirchbierg soll halen? Annerhalwe Kilometer méi wäit, um Findel, gëtt et dach schons eng Zuchgare, iwregens ouni Schinnen an ouni Uschloss! Soll elo nach eng derbäikommen? Wéisou kann den Tram net vum Kiirchbierg weider op de Findel fueren? Et wär jo ze blöd, wann zum Beispill eng Persoun, déi hannen um Lamperbierg wunnt an op de Flughafen wéilt, mam Bus op de Glacis fuere géiw, da mam Tram op de Kiirchbierg, an do nach eng Kéier fir déi lescht zwou Minutten Wee an den Zuch ëmsteige misst. Esou mécht een den ëffentlëchen Transport net attraktiv. Awer onheemlech deier.