Eis Demokratie brauch all d’Awunner

Verschidde Leit, déi géint e Wahlrecht och fir auslännech Matbiergerinnen a Matbierger sinn, benotzen d’Bild vun enger kommerzieller Gesellschaft, an där net jiddereen matentscheede kann, mee nëmmen deen, deen Aktionär dran ass. Mat deem Verglach argumentéiere sie, datt just dee mat der Lëtzebuerger Nationalitéit d’Recht dierft hunn, bei de Chamber-Wahlen matzestëmmen.

Ech sinn der Meenung, datt dëse Verglach net stëmmt. Et ass nämlech esou, datt net eleng déi wou Partsen an enger Sociétéit hunn (d’Englänner giffe soën „Shareholder“ sinn) iwwer d’Wuel vun dëser Sociétéit bestëmmen. Mee genee esou wichteg sinn déi (op englesch) sougenannte „Stakeholder“. Stakeholder sinn déi Leit, déi och en Interessi un der Sociétéit hunn an och matbestëmmen ob et hir gudd geet an a watfireng Richtung se sech entwéckelt: Mataarbechterinnen a Mataarbechter, Zouliwwerer a Clientsen.

Fir beim Bild ze bleiwen: ech muss net Partsen an enger Bäckerei hunn, fir matzeentscheeden watfiree Brout do gebak gëtt. Doduerch datt ech zum Beispill all Dag grad an dëser Bäckerei e Biobrout kafen, entwéckelt sech „méng“ Bäckerei an déi Richtung, déi ech matentscheed hunn. A genee esou ass et mat der Demokratie.

Eis Demokratie brauch all d‘Awunner. Ganz sécher all déi mat der Lëtzebuerger Nationalitéit. Awer och d‘Awunner mat enger anerer Nationalitéit, déi scho laang bei eis wunnen. Well an enger Demokratie kann et dach net sinn, datt geschwënn d’Halschent vun den Awunner kee Recht huet, iwwert eis gemeinsam Zukunft matzeentscheeden.

Nun ass et awer esou, datt net jidfereen, dee scho lanng bei eis wunnt, kann oder wëll déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen, do gëtt et juristësch, berufflech, familiär an emotional Grënn. Dofir ass et wichteg – fir datt eis Demokratie eng Demokratie bleiwt – datt et zwee Weeër ginn fir un den nationale politëschen Entscheedungen deelzehuelen.

Deen een iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit. An ech si frou, datt och déi gréissten Oppositiounspartei endlech bereet ass, d’Konditiounen ze erliichteren an den Droit du sol anzeféieren.

Well awer eis Bevölkerung duurch Awanderung ëm op d’manst 10.000 Leit pro Joër wiisst, geet de Wee iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit eleng net duer. An duerfir muss en zweete Wee opgemach ginn, deen iwwer d’Walrecht fir all Awunner déi scho laang bei eis liewen an och bewisen hunn, datt se un eiser Demokratie participéiere wëllen.

Well eis Demokratie brauch all d’Awunner.

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar